Ëmmer méi dacks ginn op spezialiséierte Plattformen och Wetten op geopolitesch Entwécklunge gesat: militäresch Eskalatiounen, Attentater oder politesch Decisiounen. Plattformen ewéi Polymarket oder Kalshi erliewen aktuell e Boom – a gläichzäiteg wiisst d’Kritik.
E Boom-Marché mat Milliarden Ëmsaz
Prognose-Mäert funktionéieren no engem ganz einfache Prinzip: User kafen Undeeler op d’Fro, ob e bestëmmt Evenement antrëtt oder net. Dës “Jo"- oder “Nee"-Äntwerte ginn änlech wéi Aktie gehandelt. De Präis spigelt dobäi direkt d’Warscheinlechkeet erëm, déi de Marché engem Evenement gëtt.
Wann d’Evenement antrëtt, klëmmt de Wäert vum Undeel – an Deels héich Profitter si méiglech. Schätzungen no gouf weltwäit schonn e Handelsvolume vu ronn 47 Milliarden Dollar op dëse Plattformen erreecht.
Säiten ewéi Polymarket oder Kalshi erliewen e richtege “Boom” zanter de leschte Presidentschaftswalen an den USA. Si hu mat hire Prognosen deels méi präzis Resultater geliwwert wéi traditionell Ëmfroen – an dat zitt och ëmmer méi Investisseuren un.
Grouss Investisseuren a politesch Connexiounen
Hannert de Prognose-Mäert stinn zum Deel grouss Acteuren. Den Tech-Milliardär Peter Thiel soll Milliounen an d’Plattform Polymarket investéiert hunn.
Och am Ëmkrees vum fréieren US-President Donald Trump ginn et Connexionen: Säi Fils Donald Trump Jr. ass mat der Plattform Kalshi verbonnen, an och eng eege Prognose-Plattform ass an der Preparatioun.
Dës politesch an ekonomesch Verflechtunge suerge fir Skepsis – virun allem wann et ëm sensibel Themen ewéi Krich oder international Krise geet.
Verdacht op Insiderhandel
Besonnesch kontrovers gëtt et, wa Wetten op aktuell Konflikter gemaach ginn. Op Plattforme goufen ënner anerem Froe gehandelt, ob politesch Leader ëmbruecht ginn oder militäresch Aktiounen eskaléieren.
Dobäi gouf et ëmmer erëm Fäll, wou kuerz virun entscheedenden Entwécklungen nei Konten opgemaach goufen, déi da geziilt op déi richteg Zenarie gesat hunn.
Viru 4 Wochen zum Beispill hu 6 Konten ob Polymarket 1,2 Milliounen Dollar verdéngt, nodeems se den 28. Februar als Start vun der US-Offensiv géint den Iran richteg geschat haten. D’Wette goufen e puer Stonne virun de Bombardementer placéiert.
Dat fiddert de Verdacht, datt Insider mat privilegéierten Informatiounen dës Plattformen notze kéinten, fir Profit ze maachen.
Afloss op Medien a Meenungsbildung
Nieft dem finanzielle Risiko gëtt och d’Roll vun de Plattformen am ëffentlechen Debat kritiséiert. Auslännesch Journalisten hu gemellt, si wiere bezuelt ginn, fir Artikelen op Basis vun de Prognosendonnéeën ze schreiwen – mat Bonus fir héich Klickzuelen.
Kritiker fäerten, datt esou Inhalter d’Perceptioun vun der Realitéit beaflosse kéinten. Well d’Plattformen net nëmmen d’Stëmmung moossen, mee se och aktiv matformen.
Gesetzlech Grozonen
Juristesch gesi beweege sech d’Prognose-Mäert an enger komplexer Situatioun. An den USA si Wetten op bestëmmten Evenementer eigentlech verbueden, wa se dem ëffentleche Wuel schueden. Dat kéint och op Krich oder Attentater zoutreffen.
D’Plattformen argumentéieren awer, datt si keng klassesch Wettbüroen, mee Finanzmäert sinn – an dofir anescht reguléiert misste ginn. D’Zoustännegkeete sinn nach net kloer, an d’Geriichter wäerten dës Fro wuel nach kläre mussen. Politesch gëtt den Drock awer méi grouss. E puer US-Politiker hu schonn ugekënnegt, gesetzlech Schrëtt ze huelen, fir esou Praktiken ze verbidden.
Tëscht Prognos a Beaflossung
Fir hiert Image ze verbesseren, setzen d’Plattformen elo méi op neutral Themen ewéi Sport a féieren nei Reegelen an, déi Insiderhandel offiziell verbidden.