"Eaux usées - Wat leeft?"Wat kann een an d'Toilette oder an de Lavabo schëdden a wat net?

Claudia Kollwelter
Ënner anerem op déi Fro liwwert eng nei Campagne mam Numm "Eaux usées - Wat leeft?" Äntwerten.
© ofwaasser.lu

D’Campagne vum Ëmweltministère, zesumme mat ALUSEAU an der Waasserverwaltung, huet als Zil, d’Ëffentlechkeet iwwert d’Wichtegkeet vun der Ofwaassergestioun ze informéieren an ze sensibiliséieren. D’Theema Ofwaasser wier dacks onsiichtbar, seet d’Associatioun vun de Lëtzebuerger Acteuren am Waasserberäich, d’Aluso. D’Campagne wier aus engem klore Besoin eraus entstanen, erkläert de Ronny Diederich:

Mir mierken, dat an de Kläranlagen an den Alafbauwierker an de Reechen, datt do ganz vill dran hänke bleift, wat net dohigehéiert, mee och schonn an de Kanäl, an den Uertschafte selwer, mierkt een et, datt do ganz oft bei de Kanalinspektioune Saache fonnt ginn, déi net dohigehéieren, déi verstoppen, déi Problemer maachen.”

“Eaux usées - Wat leeft?” / Reportage Claudia Kollwelter

Ee vun den Objeten, deen zum Beispill ëmmer rëm fonnt gëtt, awer kloer net an d’Ofwaasser gehéiert, si Lingetten.

Do ass et esou, datt souguer wann biodegradabel drop steet, bis déi wierklech sech biologesch ofgebaut hunn, hu se scho laang eis Pompele verstoppt. Dat heescht, do mussen da Leit vun eis an der Maintenance dohigoen, Pompelen ausbauen, botzen, wat dann ee groussen Impakt natierlech huet.”

Mee och Chemikalie géifen ëmmer erëm am Ofwaasser landen, erkläert d’Daniele Musel.

“Mee déi Stoffer, déi sinn net gutt fir d’Kläranlag, déi ginn do net ofgebaut. An der Kläranlag sinn och Mikroorganismen, déi schaffen, déi kënnen dat och, déi verdroen dat net. Jo, Medikamenter, dat gesäit een, dacks a vill mer an d’Toilette, wann een iergendwéi esou en dramateschen Acteur huet, fir dat ze maachen, déi kënnen an enger Kläranlag net ofgebaut ginn. Et gi verschidde Kläranlagen, déi eng weider Etapp dofir hunn, mee et ass weesentlech méi einfach, et geet ee sech op de Recycling oder an d’Apdiikt zréck an déi gehéieren einfach net an d’Kläranlag.”

E weidert Beispill sinn d’Autoen, déi virun der Hausdier gewäsch ginn.

Dat Waasser geet éischtens emol an enger Strooss, ëmmer méi dacks hautdesdaags direkt an de Floss, dat heescht, déi Wäschmëttel, déi Botzmëttel, déi passéiere guer keng Kläranlage méi, dat heescht, do geet een einfach quasi d’Waasser eent zu eent an d’Natur schëdden, wou ee sech denke kann, datt den Impakt net gutt ass, an, a wann et och op d’Kläranlag kënnt, déi Wäschproduite, Botzmëttel si jo aggressiv an och Bakteerie verdroen déi net gutt, dat heescht, dat heescht, do geet een einfach quasi d’Waasser eent zu eent an d’Natur schëdden, wou ee sech denke kann, dat den Impakt net gutt ass.”

Well d’Bevëlkerung ëmmer weider wiisst, mee och well et ëmmer méi Produite ginn, déi een ewechgeheit, sinn an de leschte Joren d’Kanäl ëmmer méi verknascht gewiescht. D’Zil vun der Campagne ass et natierlech, d’Ëffentlechkeet iwwert d’Wichtegkeet vun der Ofwaassergestioun am Lëtzebuerger Ëmweltschutz ze informéieren an ze sensibiliséieren, mee och d’Waasserqualitéit mat klenge Gesten ze verbesseren.

Weider Informatiounen fënnt een ënnert www.ofwaasser.lu

Back to Top
CIM LOGO