Baden-WürttembergDräi Blesséierter no Groussbrand an enger Disko mat 750 Leit

RTL Lëtzebuerg
Et si si Biller déi un d'Katastrof vu Crans Montana erënneren: Am däitsche Kehl, just op där anerer Säit vu Stroossbuerg, huet et an enger Groussraum-Disko gebrannt an där Plaz fir 1.500 Leit ass.
© AFP

D’Feier ass an de fréie Moiesstonnen ausgebrach, honnerte Leit konnte sech awer rechtzäiteg a Sécherheet bréngen. Et ass kengem Mënsch eppes geschitt, dräi Persounen hu wéinst der Opreegung misse behandelt ginn. D’Disko gouf dogéint komplett zerstéiert. Den Ament, wéi d’Feier ausgebrach ass, waren der Police no eng 750 Leit am Gebai.

Clientë soen, d’Personal vun der Disko hätt Alarm geschloe. D’Leit wieren och e puer Mol op Däitsch, Franséisch an Englesch opgefuerdert ginn, sech dobaussen a Sécherheet ze bréngen. D’Personal hätt d’Clientë berouegt an hinne bei der Evakuatioun gehollef. 80 Pompjeeën, Secouristen a Poliziste waren am Asaz. D’Ursaach vum Feier ass nach net gekläert.

Back to Top
CIM LOGO