Wëll eis Nationalekipp en Dënschden de Retour– Match an der Nations-League heiheem géint Malta spillt, wor dëse Weekend Paus an der BGL-Ligue. An der Futtball – Éierepromotioun gouf awer gespillt
Am Spëtzematch vum 22. Spilldag hat Rëmeleng Besuch vum SC Beetebuerg. Domat sinn déi 2 Éischt an der Tabell am direkten Duell openeen getraff. Nodeems d’Gäscht an der 16. Minutt duerch hire Kapitän David Mendes a Féierung gaangen sinn, ass d’Lokalekipp wuel besser an de Match komm. Rëmeleng huet et an der Offensiv awer ëmmer nees missen aus der Distanz probéieren, dat well si et net hikruten sech geféierlech Chance am leschten Drëttel eraus ze spillen. Ronn 8 Minutten virun der Paus huet Beetebuerg a Persoun vum Maxime Goncalves de Score op 2:0 konnten erop schrauwen. Mat dësem Resultat sollten béid Formatiounen dann och an d’Kabinne goen.
Nom Säitewiessel huet d’Lokalekipp een anert Gesiicht gewisen. Nodeems de Bryan Gomes fir seng Ekipp per Eelefmeter mat sengem 13. Gol an der Saison op 1:2 verkierze konnt, huet Rëmeleng op den Ausgläich gedréckt. An der 71. Minutt konnt e sech Rëmeleng duerch de Gol vum Calmente Pedro Mendes belounen. An der Schlussphase sollt sech um Resultat näischt méi änneren.
Profiteur vun dësem Gläichspill ass d’Etzella. Déi Ettelbrécker konnten sech trotz engem 0:1-Réckstand mat 3:2 auswäerts géint den FC Koeppchen duerchsetzen a stinn an der Tabell elo ganz uewen, 1 Punkt virun Rëmeleng an 2 Punkten virun Beetebuerg a Wolz. Wolz konnt säi Match géint Feelen mat 5:3 gewannen.