De Banke geet et nach ëmmer gutt, mä d'Geschäfter si manner rentabel ginn, dat seet den neie President vun der ABBL, der Bankenassociatioun, de Guy Hoffmann. Hien ass och de Chef vun der Raiffeisen Bank a war e Méindeg de Moien den Invité vun der Redaktioun. Iwwer 26'000 Leit schaffen hei am Land am Bankesecteur; bei 139 Banken, an 240 Filialen.
3 Facteure sinn et haaptsächlech, déi maachen datt d'Banke méi Käschten hunn a manner Benefice: den ekonomesche Volet, d'Zënsen an déi héich Reglementatioun.
Eleng 2016 hunn d'Banken hei am Land 450'000 Euro an d'Reglementatioun gestach. Iwwer 3'000 Leit schaffen eleng dofir. Kënnen also net fir de Client do sinn. Et wär kloer, datt et no der Finanzkris 2008 deels huet missen dozou kommen, sou den ABBL-President, mä dat enkt de Spillraum vun de Banke massiv an.
Iwwer d'Verhandlunge fir en neie Kollektivvertrag am Bankesecteur wollt de Guy Hoffmann näischt soen. Et hätt een ofgemaach, datt een elo net géif an d'Press goen. Hien ass awer net pessimistesch, datt geschwënn en Accord fonnt gëtt.
Invité vun der Redaktioun e Méindeg de Moie war den neie President vun der Bankenassociatioun Guy Hoffmann.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren