Kritik un Enquête vu KonkurrenzautoritéitHandwierkerkammer fuerdert getrennt Analyse vu Bau a Promotioun

RTL Lëtzebuerg
E grousse Kritikpunkt vun der Handwierkerkammer ass, datt d'Konkurrenzautoritéit d'Marge vum Secteur an d'Salairen um Bau matenee vermëscht.
© AFP

Et gëtt weider Kritik un der Enquête vun der Konkurrenzautoritéit iwwert den Immobiliesecteur. Dës Kéier vun der Chambre des métiers an enger Prise de position an oppene Bréif un de Wirtschaftsminister Fayot, deen de Minister e Mëttwoch wäert kréien.

D’Handwierkerkummer schreift an éischter Plaz, datt d’Konkurrenzautoritéit leider géing d’Marge vun den Immobiliepromoteuren an d’Salairen am Bau vermëschen. D’Geschäftsmodeller vu béide Secteure wieren awer ganz ënnerschiddlech. D’Bauentreprise maachen net dee selwechten Niveau vu Rentabilitéit ewéi d’Promotioun a kënnen net vun der Hausse vun de Logementspräisser profitéieren, betount d’Handwierkerkammer.

Vun dohier hätten d’Betriber guer keen Interêt, fir datt manner séier gebaut gëtt, esou wéi d’Konkurrenzautoritéit et verdächtegt. Donieft wier et d’Hausse vun den Terrainspräisser, déi d’Präisser vun de Wunnengen an d’Luucht géing drécken, well d’Baukäschte zimmlech wéi d’Inflatioun matgaange wieren. D’Handwierkerkammer proposéiert, datt zwou getrennten Analyse gemaach ginn, tëscht Bau a Promotioun.

D’Handwierkerkammer freet sech donieft och, wéi et méiglech soll sinn, datt 4.000 Betriber sech géingen ofschwätzen, datt d’Paie vun den Aarbechter hei am Land méi héisch wieren ewéi an de Nopeschlänner. De Manktem u Main d’oeuvre wier der Handwierkerkammer éischter op d’Konkurrenz vum Staat zeréckzeféieren.

PDF: Lettre ouverte de la Fédération des Artisans au ministre de l'Economie

Back to Top
CIM LOGO