
Dobäi kënnt e Fuerverbuet vun am Ganzen 18 Méint mat Sursis.
Hien hat am September nuets op der Diddelenger Autobunn a Richtung Stad iwwer 700m zréckgesat, fir um Beetebuerger Kräiz d'Bretelle fir op d'Collectrice du Sud an Direktioun Esch ze huelen a virun allem der Police z'entkommen.
De Mann war mat ronn 1,3 Promill Alkohol am Blutt ënnerwee an op enger Plaz mat geschaten 140 km/h amplaz vun erlaabte 70.