Garer QuartierHaschisch saiséiert, international gesichte Mann festgeholl

Pierre Jans
D'Police huet hënt op e puer Plazen am Garer Quartier an der Stad Kontrolle gemaach.
Police
Police
© Police

Kuerz no 1 Auer war enger Patrull en Mann opgefall, deen sech nervös beholl hätt. D'Beamten hunn decidéiert de Mann ze kontrolléieren. Hien huet uginn en Joint gefëmmt ze hunn. Um Policebüro duerno goufe beim Mann am Ganzen 11 Gramm Haschisch saiséiert. Et gouf Plainte géint de Mann gemaach.

Bal zäitgläich huet eng aner Patrull eng Persoun an der Stroossbuerger Strooss kontrolléiert. Si hu constatéiert, dass de Mann international gesicht gouf. De Mann gouf mat op de Policebüro geholl. Déi néideg administrativ Mesurë wären ënnerholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO