
Virum neie Joer konnt hien nämlech en Abriecher a senger Wunneng "begréissen".
Kuerz drop gouf d'Police iwwer en Abroch an en Eefamilljenhaus informéiert, woubäi de Bewunner zesumme mat anere Persounen de presuméierten Abriecher festhale géifen.
Am Haus ukomm gouf de Policebeamten dunn dës Persoun iwwerginn.
Aus Sécherheetsgrënn gouf se duerchsicht, dobäi sinn och geklaute Saachen opgedaucht.
De Parquet huet de Mann festhuele gelooss.