Observatoire de l’HabitatHausse bei de Verkeef vu Logement, Locatiounspräisser weider um Klammen

Lynn Cruchten
Wärend sech d'Venten no der Kris lues a lues stabiliséieren, bleift den Drock um Maart vun de Locatiounen héich.
Etüd vum Observatoire de l’Habitat
Wärend d'Venten op engem normalen Niveau ukomm sinn, klammen d'Präisser bei de Locatiounen nach weider.

De Wunnengsmaart zu Lëtzebuerg huet sech am éischten Trimester vun dësem Joer stabiliséiert. Dat geet aus enger rezenter Analys vum Observatoire de l’Habitat ervir. No enger schwiereger Phas tëscht 2023 an Ufank 2024 ass d'Aktivitéit nees op engem normale Niveau ukomm. D'Präisser si just liicht geklommen an et gouf méi verkaf, wéi nach virun engem Joer. Allerdéngs bleift d‘Situatioun um Locatiounsmaart ugespaant.

D'Zuele weisen, datt sech de Logementsmarché lues a lues erhëlt. Sou goufen an den éischte Méint 2026 däitlech méi Wunnenge verkaf, wéi nach virun engem Joer. Bei bestoenden Appartementer läit d'Hausse bei 9,4% Prozent, bei den Haiser esouguer bei iwwer 11 Prozent. Manner gutt leeft et bei sougenannte VEFAen, also Immobilien, an dësem Fall Appartementer, déi nach am Bau sinn. Hei ass d‘Verkafszuel dëst Joer am Verglach mam éischten Trimester 2025 ëm gutt 18 Prozent zeréckgaangen.

Virun der Logementskris louch d‘Vente am éischten Trimester an der Moyenne bei ronn 650 neien Appartementer. Ugangs dëst Joer just bei 207. Wat d'Verkafspräisser ubelaangt, sou sinn dës bannent engem Joer ëm 1,7 Prozent geklommen. Am meeschte u Wäert gewonnen hunn al Haiser, mat enger Hausse vun 3 Prozent. Bei Appartementer ass d'Entwécklung däitlech méi moderat.

De Rapport weist awer och, datt vill Verkeefer hir Präisvirstellungen nach ëmmer no ënne mussen upassen. D'Präisser an den Annoncë vun Appartementer sinn nämlech weider zeréckgaangen.

De gréisste Problem bleift awer de Locatiounsmaart. Bei neie Kontrakter sinn d‘Loyere bannent engem Joer am Duerchschnëtt ëm 4,4 Prozent méi deier ginn, wat e gutt Stéck iwwert der Inflatioun vun 1,6% läit. Fir Locatairen, déi schonn e Bail hunn, sinn d'Loyere am selwechten Zäitraum ëm 1,4 Prozent an d'Luucht gaangen.

D'Conclusioun vum Observatoire de l’Habitat: D'Venten am Logement hu sech no der Kris gréisstendeels stabiliséiert. Um Locatiounsmaart bleift den Drock awer héich, well d'Nofro no Wunnraum ëmmer nach méi grouss ass ewéi d'Offer.

Back to Top
CIM LOGO