Zanter enger Woch ass eng Cellule de Crise en Place gesat ginn, fir d’Capacitéit vun de Better an der Kannerklinik an d’Luucht ze sëtzen. 58 Kanner sinn de Moment hospitaliséiert.
Dovunner 8 op der Intensivstatioun. Vun den 58 Patienten hu 37 de sougenannte VRS-Virus, deen d’Infektioun vun den Otemweeër ausléist an net mat spezifesche Medikamenter behandelt ka ginn. D’Dokter Isabel de La Fuente aus der Kannerklinik erkläert, wéi een d’Situatioun aktuell geréiert:
Andeems verschidden Interventiounen zum Beispill ofgesot ginn, kënne mer d’Zëmmeren verduebelen. Mir hu viru puer Méint zousätzlech Zëmmeren krut, en vue vun den Epidemien. Dat huet eis erlaabt, wärend dëser Epidemie 16 zousätzlech Better ze hunn.
De Virus iwwerdréit sech änlech wéi de Covid, dofir roden d’Dokteren och déi nämmlecht Gestes barrièren anzehalen. De President vun der Societéit vun de Pediateren, den Dr. Serge Allard erkläert, wat ee maache kann:
Leit, déi heem bei e Kand ënner 2 Joer op Visitt kommen, sollen e Mask undoen an evitéieren, Kierperkontakt mat de klenge Kanner ze hunn. Se solle sech d’Hänn gutt wäschen an ewech bleiwen vu Bëbeeën. Reunioune vu Familljen sollen an eisen Aen och limitéiert ginn an den nächsten Wochen, fir d’Fäll ze minimiséieren.
Wann et fir d’Eltere méiglech wier, roden d’Pediateren och, datt se hir Kanner momentan, net an d’Crèche schécken, fir och sou d’Iwwerdroung sou gutt wéi méiglech ze evitéieren an domat d’Urgencen ze entlaaschten.
RTL News: Bronchiolite bereet Suergen: D’Better si quasi voll an am CHL gi mat enger gewësser Urgence Mesuren ëmgesat
RTL News: Pediatere schloen Alarm: Bronchiolitte fëllen d’Better an der Kannerklinik