Bronchiolite bereet SuergenD'Better si quasi voll an am CHL gi mat enger gewësser Urgence Mesuren ëmgesat

RTL Lëtzebuerg
An der Kannerklinik vum Centre Hospitalier ginn den Ament ronn 30 jonk Patiente wéinst dem Otemwee-Virus traitéiert.

An de Schumann-Spideeler sinn et der 5. All déi spezialiséiert an intensivmedezinesch Better, déi am CHL virgesi sinn, déi si besat. Dat selwecht ass de Fall an den HRS-Haiser am Beräich “Pédiatrie de proximité”.

Dat alles äntwert d’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Gilles Baum.

Eng Bronchiolite ass eng Infektiounskrankheet, déi d’Otemweeër betrëfft a virun allem fir Kanner ënner 2 Joer ka geféierlech ginn. De Virus ass héich ustiechend a verbreet sech virun allem ënnert de Kanner. Dës mussen dacks Sauerstoff kréien.https://download.rtl.lu/2022/11/15/c05249a8c78aab67dc643de522f24c66.pdf

Krisenzell

Am CHL gouf wéinst der Situatioun eng Krisenzell en Place gesat an et gëtt e Plang ausgeschafft fir ze kucken, wéi een d’Capacitéite kuerzfristeg kann eropsetzen. Da kënnt et och zu Deprogrammatiounen. Pediatresch Chirurgie-Interventiounen, déi net urgent sinn, gi verréckelt.

D’Santé huet och den Accord ginn, datt op d’Réserve sanitaire kann zeréckgegraff ginn. Et soll och eng Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne lancéiert ginn, heescht et nach vun der Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO