1/4 méi GeschlechtskrankheetenHausse vu Fäll vu Chlamydien zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
All Dag stieche sech eng Millioun Mënschen uechter d'Welt mat sexuell iwwerdrobare Krankheeten un - e grousse Problem fir d'ëffentlech Gesondheet.

Sexuell iwwerdrobar Krankheete sinn nach ëmmer e grouss Problem fir d’ëffentlech Gesondheet. Den Zuele vun der Weltgesondheetsorganisatioun no stieche sech op der Welt all Dag eng Millioun Leit mat enger Geschlechtskrankheet un. D’Preventioun vun dësen Infektiounen ass dowéinst eng Prioritéit fir d’Gesondheet an d’Wuelbefanne vun der Bevëlkerung.

Zu Lëtzebuerg goufen zejoert bal e Véierel méi Geschlechtskrankheet constatéiert ewéi nach dat Joer virdrun. D’Zuel vun de gemellte de Geschlechtsinfektiounen zu Lëtzebuerg ass vun 1.755 am Joer 2021 op 2.171 am Joer 2022 eropgaangen, also eng Hausse vun 23,7 %. Wat besonnesch opfält ass d’Hausse vun de Fäll vu Chlamydien.

All Joer virum Summer start de Gesondheetsministère deemno eng Kommunikatiounscampagne, fir d’Bevëlkerung a virun allem déi Jonk fir de Schutz viru sexuell iwwerdrobaren Infektiounen ze sensibiliséieren. Motto vun der Campagne vun dësem Joer all “Protection is good for us”, déi de Besoin vum Schutz viru sexuell iwwerdrobare Krankheeten ervirhieft. Vum 8. Mee u ginn nieft Messagen, déi op de sozialen Netzwierker publizéiert ginn, och Aktiounen organiséiert, déi d’Bedeitung vun Tester an dem Benotze vu Kondomer rappelléiere sollen.

LINK: D’Schreiwes vum Gesondheetsministère iwwer d’Campagne fir d’Sensibilisatioun géint sexuell iwwerdrobar Krankheeten.

Back to Top
CIM LOGO