Am Norde vum LandHefteg Donnerwiederen, Knëppelsteng an Iwwerschwemmungen
An der Nuecht op e Mëttwoch hate virun allem d'Leit am Norde vum Land mat de Suitte vun zolitten Donnerwiederen ze kämpfen.
MeteoLux hat en Dënschdeg den Owend kuerz virun 20 Auer en Avis de vigilance erausginn.
Vun offizieller Säit gouf bis elo nach kee Schued matgedeelt, ma op de soziale Reseaue konnt een um Dënschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Mëttwoch e sëllege Fotoen a Videoe gesinn, vun heftegen Donnerwiederen, respektiv vu Knëppelsteng, déi erofkomm sinn.
Meldunge koumen ënnert anerem vun Housen, Buerschent, Viichten, dem Angelsbierg, Wuelessen a Feelen.
Vue Zu Gréiwels Richtung Préizerdaul © RTL Mobile Reporter
© Météo Remich/ Jennifer Pater
© Météo Remich/ Nicole Nuckes Bertemes
© Météo Remich/ Jennifer Pater
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.