"Een oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gäertner" Hëllefsstruktur fir de landwirtschaftleche Secteur gouf ausgebaut

Chris Meisch
Et gi vill verschidde Problematiken an Erausfuerderungen, mat deenen d'Leit an den dräi Secteuren ze kämpfen hunn.

Psychesch Hëllef fir Baueren / Reportage Chris Meisch

Wirtschaftlechen Drock, Onsécherheet, Präisdrock, Klimawandel, Generatiounswiessel, gesellschaftlech Erwaardungen. Dat sinn Erausfuerderunge mat deene Baueren, Wënzer a Gäertner ëmmer nees konfrontéiert ginn an dat huet Auswierkungen op hir mental Gesondheet. De psychosoziale Service "Een oppent Ouer fir de Bauer, Wënzer a Gäertner" gëtt dowéinst elo ausgebaut. Hannert der Initiativ stiechen de Landwirtschaftsministère, d'Landwirtschaftskammer, de Lëtzebuerger Maschinenring, an SOS Détresse.

De Service, deen et schonn zënter 2015 gëtt, soll de Leit aus der Landwirtschaft psychologesch Ënnerstëtzung ubidden. De Responsabelen no war eng Adaptatioun néideg, well d'Initiativ mat der Zäit net méi richteg funktionéiert huet an u Visibilitéit verluer hat. D'Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet erkläert, datt de Besoin no esou engem Service ëmmer nees vum Secteur selwer formuléiert gi wier, an huet dorop higewisen, datt d'Beruffer an der Landwirtschaft net nëmme kierperlech, mee och psychologesch usprochsvoll sinn.

"Dat wat jo hei wichteg ass, ass dass Leit do sinn, déi ëmmer erreechbar sinn. An déi kruten och eng spezifesch Formatioun iwwer d‘Landwirtschaft, well do d‘Problematik bëssen eng aner ass, mat enger Lëscht un Ulafstellen, wou si sech kënnen hiwenden, wann een e Problem huet, an dem Bauer wierklech och. An dat ass mengen ech eise Message, dee mir musse ginn: Wann een Hëllef brauch, gitt Iech Hëllef sichen, dat ass u sech een Zeeche vu Stäerkt a net vu Schwächt."

Europäeschen Etüden no si Baueren a Wënzer méi staark vu psychescher Belaaschtung, Isolatioun a Suicide betraff, ewéi vill aner Beruffsgruppen. D'Problemer vun de Betriber a Bauere wier breet gefächert a géingen dacks zesummen hänken, erkläert de Laurent Franz, President vum Maschinenring.

"An der Landwirtschaft gëtt et seelen ee Problem eleng. Eis Baueren hu Familljebetriber an do kënnt et dacks dozou, wann ee Problem am Betrib ass oder an der Famill, hänkt dat am Familljebetrib zesummen. Wann also Am Betrib Problemer sinn, kommen der dacks an der Famill dozou. Well dat alles vernetzt ass, a Problemer sech vernetzen hu mir alt déi Situatioun, dass Leit net méi an an aus wëssen."

Och bei SOS Détresse Luxembourg gesäit een an der Zesummenaarbecht e wichtege Schrëtt. D'Ekipp zielt 83 Benevollen, déi vun enger spezialiséierter professioneller Ekipp encadréiert ginn. A fir besser op d'Realitéit an d'Besoine vum landwirtschaftleche Secteur kënnen anzegoen, hu si eng speziell Formatioun vun der Landwirtschaft kritt, déi si op d'Erausfuerderunge vu Baueren, Wënzer a Gäertner sensibiliséiere soll. Doduerch kréien déi elo Zougang zu enger psychosozialer Helpline, déi siwen Deeg op siwen an anonym ze erreechen ass. D'Nadja Bretz, Psychologin bei SOS Détresse Luxembourg, huet dobäi erkläert, datt eng neutral an onbekannt Persoun a verschiddene Situatioune besser hëllefe kann ewéi eng Persoun aus dem direkten Ëmfeld.

"Een, deen net jugéiert, ouni Virurteeler an eng ganz neutral Positioun huet a just nolauschtert an aus senger Vue versicht zesummen ze sortéieren, huet ëmmer ee Mehrwäert. Et kënnt een et jo selwer, et lauschtert ee manner op seng Mamm, wéi op ee vu baussen, deen engem eppes seet. Dat ass einfach esou. An ech mengen de richtege Virdeel ass, et muss ee sech net weisen, et muss ee kee Rendez-vous huelen, et brauch ee just den Telefon an de Grapp ze huelen."

Déi verschidden Acteuren hunn ee klore Message: Kee soll mat psycheschen oder perséinleche Schwieregkeeten elenggelooss ginn.
Sech Hëllef siche géing nach ëmmer vill Courage verlaangen. 

Iwwert den Telefonsnummer 8002 7171 oder direkt iwwer SOS Détresse um 45 45 45 kënne Baueren, Wënzer a Gäertner an der Woch vu Moies 11 bis Owes 23 Auer a Weekends souguer bis 3 Auer an der Nuecht, anonym a vertraulech en oppent Ouer a professionell Ënnerstëtzung fannen.  

Back to Top
CIM LOGO