
Am Lokalen mellt de CGDIS en Accident um Dënschdeg kuerz no 2:30 Auer op der Streck tëscht Menster a Rued-Sir. En Auto huet sech do iwwerschloen. Dobäi gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech nieft de Secouriste vun Nidderaanwen-Schëtter, Iechternach a vum Findel, och de Stater SAMU gekëmmert huet.
Géint 17:40 Auer e Méindeg sinn tëscht Dippech an Holzem zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.
Nëmme puer Minutte méi spéit huet et op der A7 tëscht Miersch an dem Tunnel Miersch gerabbelt. En Automobilist ass hei mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt. Zwou Persoune goufe bei deem Accident blesséiert.
E Méindeg den Owend géint 19:30 Auer gouf et dann e Brand an engem Haus um Houwald. D'Stater an d'Hesper Pompjeeën hu geläscht. Do blouf et bei Materialschued.