Gesetzespropos vun der LSAPZu Lëtzebuerg soll jiddereen Zougank zur Gesondheetsversuergung kréien

Marc Hoscheid
Tim Morizet
Zanter 2021 gëtt et mat der CUSS schonn ee Pilotprojet, dee gesetzlech verankert soll ginn. Bis elo hätten 300 Leit vun der CUSS profitéiert. 
LSAP: Zu Lëtzebuerg soll jiddereen Zougank zur Gesondheetsversuergung kréien
Zanter 2021 gëtt et mat der CUSS schonn ee Pilotprojet, dee gesetzlech verankert soll ginn. Bis elo hätten 300 Leit vun der CUSS profitéiert. 

Gesondheet ass ee Mënscherecht an d'Gesondheetsversuergung muss fir jiddereen zougänglech sinn. Well dat haut zu Lëtzebuerg awer nach ëmmer net de Fall wier, misst gesetzlech nogebessert ginn, dat fuerdert op alle Fall d'LSAP, déi eng entspriechend Propositioun ausgeschafft huet.

LSAP fuerdert gesetzlech Verankerung vun der CUSS / Marc Hoscheid

An Zäiten, wou Ongläichheeten zouhuele géingen, wier et wichteg, sech fir déi Schwächsten an der Gesellschaft anzesetzen, esou d'Presidentin vun der LSAP-Fraktioun Taina Bofferding. Aus enger Etüd vum Observatoire national de la santé no géing ervirgoen, datt 92 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg verséchert sinn, déi aner 8 Prozent wieren entweder net verséchert oder iwwert d'Ausland ofgedeckt. Per Gesetz sollt an Zukunft déi sougenannt Couverture universelle de soins de santé verankert ginn:

"Dës Proposition de loi, déi schreift sech och an an eis Visioun, an eis Beméiungen, fir eis Gesellschaft méi gerecht a méi solidaresch ze gestalten. Nom Payement immédiat direct, wat jo och ee Projet vun der LSAP war an et ville Leit méi einfach gemaach huet, fir bei den Dokter ze goen, an och nom dem Remboursement vun der Psychotherapie, ass d'CUSS déi logesch an och noutwenneg Weiderentwécklung, fir datt kee Mënsch, deen hei am Land lieft, duerch d'Netz fält."

D'Gefor aus der Gesondheetskeess eraus ze fale géing virun allem bei Leit bestoen, déi hir Wunneng verléieren oder um Enn vun hire Chômageindemnitéiten ukomm sinn.

D'Couverture universelle de soins de santé, kuerz CUSS, gouf 2021 iwwert ee Pilotprojet lancéiert, dat nodeems sech am Virfeld laang mat den Organisatioune vum Terrain ausgetosch gi war. Aktuell gëtt et aacht Associatiounen, déi d'CUSS ëmsetzen. Bei der LSAP, awer net nëmmen do, zitt een ee positiven Tëschebilan, wéi d'Deputéiert Claire Delcourt ënnersträicht:

"Hei geet et ëm ronn 300 Persounen, déi scho vun dësem System profitéieren. A mir hate lo virun zwou Wochen an der Chamber d'Gesondheetsministesch Martine Deprez dozou héieren, déi gesot huet, dat wier eng Success Story, wou mer eben an der Interpellatioun vun der Aarmut doriwwer geschwat hunn. Hei ass nämlech eng Zuel, déi besonnesch wichteg ass, ze nennen, nämlech 25 Prozent vun de Leit, déi an der CUSS waren, konnten nees an de reguläre System integréiert ginn."

Wat déi aner 75 Prozent ugeet, wieren dës entweder nach krank oder se missten deemno wéi eng Ausbildung nomaachen oder ëmgeschoult ginn.

D'Proposition de loi, déi d'LSAP elo virleet, gesäit Ajoutten un den Artikelen 2 a 24 vum Code vun der Sécurité sociale vir. Fir vun der CUSS profitéieren ze kënnen, muss een am Prinzip just dräi Krittären erfëllen: Et muss een op mannst dräi Méint zu Lëtzebuerg liewen, méi al wéi 18 Joer sinn an et dierf een net déi néideg Ressourcen hunn, fir sech selwer versécheren ze kënnen. Zu engem gréisseren administrativen Opwand géing de System iwwerdeems net féieren, esou den Deputéierte Claude Haagen.

"De Remboursement vun der CNS gëtt iwwert d'Santé vum Staat da rembourséiert, sou datt dat iwwert dee selwechte System funktionéiert wéi beim Tiers payant social, wou actuellement schonn een Departement an der CNS ass. Déi heite Beneficiaire vum CUSS kéimen an dee System mat dran."

De Virdeel wier, datt d'Doktere schonn un de System vum Tiers payant social gewinnt wieren. Dat géing dann och eng Vereinfachung fir d'Associatioune bedeiten an et hinnen erlaben, sech op hir Aarbecht mat de Leit um Terrain ze konzentréieren. Dat wier och néideg, well d'Demande grouss wier.

D'Käschte vum Projet géinge sech op e bëssi méi wéi zwou Milliounen Euro pro Joer belafen.

Back to Top
CIM LOGO