D’Temperature vun 40 Grad, déi zu Lëtzebuerg nach virun e puer Joer kaum virstellbar waren. Wéi aussergewéinlech ass dës Hëtztwell wierklech? Gëtt dat do déi nei Realitéit? A wat heeschen esou Caniculle fir eis Gesellschaft: d’Gesondheet, d’Landwirtschaft, d’Aarbechtswelt an eis Stied?
Doriwwer diskutéieren mer e Samschdeg zesumme mam:
Andrew Ferrone, Klimatolog an Direkter fir europäesch an international Affären am Ëmweltministère
Charel Ferring, President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
Dr. David Heck, Generalist
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.