Hausgebuert jo, awer kee GebuertshausHiewane stéiere sech un der Decisioun vum Santésministère

Claude Zeimetz
Lynn Cruchten
"Wou soll mäi Kand op d'Welt kommen?", sou ass e Communiqué en Donneschdeg de Moie vun der Associatioun vun den Hiewanen hei am Land iwwerschriwwen.
© RTL Archivbild

Hiewane stéiere sech un der Decisioun vum Santésministère, fir den Ament keng Gebuerten an enger Hiewanspraxis z’erlaben. D’Santé hat Uganks des Mounts decidéiert, datt Fraen net méi am Centre périnatal zu Bartreng accouchéieren dierfen. Do hate sech e puer Hiewanen am Hierscht an e Projet vun enger Zort Gebuertshaus lancéiert. Och aner Initiative fir eng Zort Gebuertshaus sinn um Wee. Mä de Gesondheetsministère erlaabt fir den Ament awer just Hausgebuerten, bis en neie gesetzleche Kader do ass. D’Hiewane kritiséieren an hirem Schreiwes, datt déi meescht Fraen net wierklech de Choix zu Lëtzebuerg hunn, wou hiert Kand op d’Welt soll kommen. Eng sécher Gebuertshëllef géif een awer net domadder erreechen, datt ee Gebuerten op enger bestëmmter Plaz verbitt. Vill méi misst een duerfir suergen, datt d’Fraen eng sécher a kompetent Begleedung garantéiert kréien. Dat kéinten d’Hiewane garantéieren.

Am RTL-Interview huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert gesot, am Januar wier eng Reunioun zesumme mat der Gesellschaft vun den Hiewannen, sou wéi den Obstetiker, de Gynekologen an awer och mat de Maternitéen. Et wier wichteg fir e fléissenden Iwwergang ze suergen. Den Noutfall misst gereegelt sinn an dofir och d’Zesummenaarbecht mat enger Maternité.

D’Ministesch huet och nach emol erkläert, firwat eng Hausgebuert net kéint mat engem Accouchement an engem Gebuertshaus gläichgestallt ginn. Wann eng Fra wéilt doheem gebären, da wier dat hire perséinleche Choix. Par conter e Gebuertshaus wier eng Offer, déi sech un d’Ëffentlechkeet went, an dat wéilt een als Regierung a Gesondheetsministère gär gereegelt hunn.

Schreiwes vun der ALSF

Wou soll mäi Kand op d’Welt kommen ?
Eng Stellungnam vun der ALSF (Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes)

Fir dass eng Gebuert sou sécher wéi méiglech verleeft, ass et wichteg dass d’Betreiung wärend der Schwangerschaft, bei der Gebuert, an doriwwer eraus am Wochebett, vun enger oder e puer, ëmmer därselwechter, Persoun(en) realiséiert gëtt. D’Fra soll wärend der Gebuert vun där Persoun begleet gin an déi si Vertrauen huet an, wa kee Risiko vu Komplikatioune virläit, da soll si kënnen de Choix vun der Platz hunn wou si well accouchéieren. Dëst sinn Aussoen ënner anerem vun der Weltgesondheetsorganisatioun an si baséieren op groussen Etüden zu der Sécherheet bei der Gebuert.

Hei zu Lëtzebuerg hunn déi meeschte Fraen net wierklech de Choix : am Spidol ginn si begleet vun där Hiewan déi Déngscht huet, si gesinn eventuell och deen Dokter deen Déngscht huet; déi fräiberufflech Hiewannen hu keen Zougang zum Spidol fir hir Patientinne kënnen ze begleeden; wéineg Hiewanne sinn disponibel fir eng Hausgebuert ze betreien; fir an engem Gebuertshaus z’accouchéiere mussen d’Fraen an d’Ausland fueren an, wéi d’lescht Woch an der Press bekannt gouf, huet d’Gesondheetsministesch verfüügt dass keng Gebuerten an enger Hiewanspraxis däerfe stattfannen.

D’Hiewanne sinn ausgebilt fir eegeverantwortlech physiologesch Gebuerten ze betreien. Si begleeden d’Fra wärend der Gebuert a si hunn d’Kompetenz fir festzestellen op eng Gebuert normal verleeft, oder op et Unzeeche fir Komplikatioune gëtt déi et néideg maachen dass d’Gebuert medezinesch betreit am Spidol weidergeet. Wann d’Hiewan eng hir bekannte Fra begleet a wann eng eent-zu-eent-Betreiung méiglech ass, da kënne Risikofaktore ganz fréizäiteg erkannt gin an déi néideg Mesurë kënnen ouni Stress geholl gin.

Fir d’ALSF besteet eng sécher Gebuertshëllef doranner dass, wann eng physiologesch Gebuert virgesinn ass, d’Fra ka wiele wou se wëll accouchéieren, sief dat am Spidol, an engem Gebuertshaus, an enger Hiewanspraxis oder doheem, an dass si, egal wou d’Gebuert stattfënnt, vun enger kompetenter Persoun begleet gëtt an déi si Vertrauen huet. Natierlech schléisst dat eng Zesummenaarbecht tëschent deene verschiddenen Institutiounen a Gesondheetsberuffer net aus, esou eng Kollaboratioun wir onbedéngt wënschenswäert.

Eng sécher Gebuertshëllef erreeche mir net domadder dass Gebuerten op bestëmmte Platze verbuede gin, mee mir mussen dofir suergen dass do, wou d’Fraen hir Kanner wëllen op d’Welt setzen, eng professionell a kompetent Betreiung geséchert ass.

D’Demande ass do: Ausserklinesch Gebuerten zu Lëtzebuerg
Gebuertshaus Bartreng: Entrevue tëschent Gesondheetsministère a Praxis ass geplangt

Back to Top
CIM LOGO