
© RTL
Bis ewell wollten awer weder d'Gebuertshaus Bartreng nach d'Santé eng Stellungnam ofginn.
Et gëtt aktuell kee gesetzleche Kader, fir e Gebuertshaus zu Lëtzebuerg ze bedreiwen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert war deemno iwwerrascht, wéi si am Oktober an der Chamber dorop ugeschwat gouf, datt esou eng Struktur zanter dem Hierscht zu Bartreng fonctionéiert.
"Mir hu vun deem dote Gebuertshaus keng Kenntnis. Wann dat sollt fonctionéieren, entsprécht et net deem, wat d'Gesetzer zu dësem Zäitpunkt virgesinn, engersäits d'Spidolsgesetz vun 2018, wou d'Obstetrique de Spideeler virbehalen ass an anersäits déi aktuell Attributioune vun der Hiewan, wou et just eng Gebuert doheem gëtt. An der Nomenclature ass dat méi breet gefaasst, mä d'Nomenclature sëtzt awer net d'Attributiounen ausser Kraaft, déi reegelméisseg iwwerschafft ginn", sou d'Ministesch den 18. Oktober an der Froestonn an der Chamber.
An der Nomenclature ass vun engem "Accouchement extrahospitalier" rieds. Wéi den 100,7 gemellt hat, ass d'Santésdirektioun sech den Zenter kuerz drop ukucke gaangen. Eng Entrevue tëschent dem Ministère an den Hiewannen ass eisen Informatiounen no zäitno geplangt. De Gesondheetsministère wëll entretemps net zu dësem Fall kommunikéieren, an och déi Responsabel vun der Praxis wëlle virun der Reunioun keng Stellung dozou huelen. Virun e puer Woche schonn hat eng vun den zoustännegen Hiewannen Danièle Haag am RTL-Interview awer erkläert, wéi et zur Decisioun koum, dësen Zenter opzemaachen.
"Mir hunn effektiv mat den Hausgebuerten ugefaangen, do hu mer awer séier realiséiert, datt d'Leit net alleguer just bei eis op der Dier wunnen, mä datt Lëtzebuerg dann awer méi grouss ass, obwuel et e klengt Land ass. Dunn hu mer eis séier d'Fro gestallt: jo wa mer eng Fra aus dem Éislek hunn a mir brauche laang bis dohinner respektiv eng Maternité ass awer wäit ewech, wéi ass dat mat der Securitéit, wéi gesi mer dat? (...) Sou datt mer gekuckt hunn: wat maachen se am Ausland? Wat sinn d'Standarden? An datt mer eigentlech vun Ufank u gesot hunn, de Wee vun eis bei d'Fra soll net méi wéi eng hallef Stonn sinn an och an eng Maternité net méi wéi eng hallef Stonn an dat hu mer awer net iwwerall zu Lëtzebuerg."