Ausserklinesch Gebuerten zu Lëtzebuerg
Hausgebuerte gouf et zu Lëtzebuerg schonn ëmmer. Mam Tarif extrahospitalier gouf 2022 och d’Diskussioun ronderëm e Lëtzebuerger Gebuertshaus lancéiert.
Mir sinn Enn September zu Biekerech. D'Laurence Streitz ass fir d’zweete Kéier schwanger a plangt dëst Kéier eng Hausgebuert. Déi definitiv Decisioun dofir koum eréischt an de leschten zwee Méint, och well bis dohinner onkloer war, ob all d’Konditiounen erfëllt wieren. Well bei enger ausserklinescher Gebuert keen Dokter dobäi ass, muss et eng physiologesch Schwangerschaft sinn. De Puppelchen dierf net virun der 37. Schwangerschaftswoch op d’Welt kommen, Mamm a Kand musse gesond sinn, et dierf just ee Kand sinn an e muss mam Kapp no ënne leien.
Op d'Betreiung vun enger Hiewan kann all Fra schonn an der Schwangerschaft zréckgräifen. Bei enger Hausgebuert ass et de Virdeel, dass dës Hiewan och den Accouchement iwwerhëlt. Bis Februar goufen Hausgebuerten zu Lëtzebuerg net rembourséiert, ma och den neien "tarif extrahospitalier" deckt net alles of. Fir Mamm a Puppelchen optimal a Charge ze huelen, ass et internationale Standard, dass zwou Hiewannen op der Plaz sinn. Rembourséiert gëtt bis ewell awer just eng. D'Demande fir Hausgebuerten ass ëmmer nach marginal, sou dass d'Thema am eegenen Ëmfeld duerchaus och op Skepsis trëfft, erzielt d’Laurence Streitz: "D'Famill, mengen ech, fënnt dat deelweis e bësse méi komesch. Meng Mamm ass do villäicht e bëssche méi anxiéis, déi mécht sech do méi Gedanken. Mä d’Reaktioune si ganz verschidden (…) Et si sécher Leit, déi soen: 'Oh Freck, dat kéint ech net, ech brauch déi Sécherheet vun den Dokteren, vum Spidol, vun der Wëssenschaft.' An ech verstinn dat och, mä ech mengen, dass et eppes ass, wou ee schonn op sech muss lauschteren: Wat brauch ech?"
D’Danièle Haag ass zanter méi wéi 25 Joer Hiewan a betreit zanter leschtem Joer och Hausgebuerten. Fir eng Hiewan bedeit dat, dass si dräi Woche virum an zwou Wochen nom geplangten Datum vun der Gebuert permanent muss erreechbar sinn. Zanter Ufank September bitt si och Gebuerten an hirer Praxis, dem "Centre Lunata" un: "Mir hunn eis vun Ufank u gesot: De Wee vun eis bei d’Fra soll net méi wéi eng hallef Stonn sinn. An och an eng Maternité net méi wéi eng hallef Stonn. An dat hu mer awer net iwwerall zu Lëtzebuerg. An do war séier kloer, dass mer warscheinlech op dee Wee géife goen, eng Praxis opzemaachen, déi no bei enger Maternité wär, zentral geleeën."
Enn September ass den éischte Puppelchen am Centre Lunata op d'Welt komm, den Zwanzegsten, deen dëst Joer zu Lëtzebuerg net an der Klinik gebuer gouf. D'Iddi vun der Praxis ass et awer net, just eng Plaz fir Gebuerten ze sinn, ma och fir aner Servicer ronderëm d’Schwangerschaft unzebidden. Sou schaffe si zum Beispill och zesumme mat enger Kiné a wëllen zukünfteg och Gebuertsvirbereedungs-, Réckbildungs- oder Bëbeesmassage-Kueren ubidden. Den Accouchement selwer ass ambulant an d'Betreiung duerno doheem.
Nodeems am Februar d'Tariffer fir ausserklinesch Gebuerten a Kraaft getruede sinn, huet sech och d’Gebuertshaus Lëtzebuerg asbl gegrënnt. Si gesinn eng eendeiteg Demande no esou engem Gebuertshaus a wënsche sech dofir e legale Kader, wéi dat och an anere Länner de Fall ass. Bis ewell hate si heizou Entrevuë mat verschiddene Parteien. No ufänglecher Skepsis vun der Gesondheetsministesch hätte si awer nëmmen nach positive Feedback kritt. Hir Visioune vun engem Lëtzebuerger Gebuertshaus géifen elo esouwäit stoen, d'Hürde wieren elo nach de Standuert an d’Finanzéierung. Well och wann et mëttlerweil den Tarif extrahospitalier gëtt, géifen nach Tariffer feelen: Fir déi zweet Hiewan, fir d'Permananc a fir d'Betribskäschten, déi een a sou engem Gebuertshaus hätt. Hei waart een op eng Äntwert vun der CNS, wéi d’Sheila Schmit vun der Gebuertshaus Lëtzebuerg asbl erkläert: "Mir géifen eis scho wënschen, dass och vu Säite vun der CNS lo zimmlech séier eng Decisioun géif getraff ginn (…) Da wär finanziell och scho vill manner Risiko fir eis do. Anescht gesinn hu mer natierlech och d’Hoffnung, dass e Santésministère seet: 'Hei mir subventionéieren iech. Mir gräifen iech ënnert d’Äerm.'"
D’Thema vun den ausserklinesche Gebuerte bleift op allefalls weiderhin an der Aktualitéit. Eise Reportage gouf zum Groussdeel schonn am September gedréit. Mëtt Oktober war de Centre Lunata Thema an der Chamber an – doduerch, dass et eben nach kee legale Kader fir Gebuertshaiser gëtt – och d’Fro, a wéi Wäit esou eng Praxis effektiv Gebuerten duerchféieren dierft. D’Santé soll dat préiwen, wëll den Ament awer nach keng Stellung dozou huelen.