
Gewalterfarunge bei der Gebuert enttabuiséieren, dat ass d’Zil vum “Roses Revolution Day” um 25. November. Jee no Etüd ginn international 10-40 Prozent vun de Fraen un, dass si beim Accouchement negativ oder souguer traumatesch Erfarunge gemaach hunn. Dat geet vu Respektlosegkeeten iwwer ongewollte Behandlunge bis zum Gefill, net richteg opgekläert ze ginn, wat grad geschitt.
Hei zu Lëtzebuerg wier et dacks e Manktem u Kommunikatioun, deen dofir suergt, dass d’Frae sech bei der Gebuert net richteg informéiert fillen, seet d’Anna Cristina Rings-Alborino, Presidentin vun der Hiewannen-Associatioun ALSF. Dat léich un der Sproochebarrière, ma grad richteg opgekläert ze sinn, wier wichteg, och an Noutsituatiounen, wou dacks net vill Zäit bleift a séier gehandelt gi muss. Sollt d’Kommunikatioun an esou engem Moment ze kuerz komm sinn, kéint een dat ëmmer nach duerno maachen. Ausserdeem géifen d’Direktive fir de richtegen Ëmgang mat de Patientinnen net ëmmer respektéiert. Et wier deemno wichteg, dass souwuel Hiewanne wéi och Gynekologe sech reegelméisseg forméieren.
Offiziell Zuelen iwwer negativ Experienzen oder Gewalterfarungen zu Lëtzebuerg géif et net, ma d’Hiewannenassociatioun hofft, dass mam neie Studiegang op der uni.lu och méi zum Sujet gefuerscht gëtt.
Zesummenhang tëscht negative Gebuertserliefnisser an Depressioun
Et géif och en Zesummenhank tëscht der negativ erliefter Gebuert an enger postnataler Depressioun. E Suicide wier ëmmer nach déi heefegst Doudesursaach no engem Accouchement, warnt d’Anna Christina Rings-Alborino: “Leider ist da in Luxemburg noch nicht viel passiert. Im Ausland gibt es zum Beispiel Zentren, wo dann ganz speziell auf diese Probleme eingegangen wird. Das hat man hier in Luxemburg noch nicht wirklich.”
Dobäi wier erwisen, dass duerch eng positiv erliefte Gebuert de Risk, fir eng postnatal Depressioun reduzéiert wier.
Fir e positiivt Erliefnis plädéiert d’Hiewannenassociatioun fir eng kontinuéierlech Betreiung virun an no der Schwangerschaft duerch eng Hiewan oder e klenge Grupp. Dat wier zwar theoretesch méiglech, ma aktuell géif et nach un der gesetzlecher Basis feelen, esou dass d’Hiewannen net all déi néideg Paperassen ausfëlle kéinten. Och bei der Gebuert an der Klinik wier et hautdesdaags esou, dass eng Hiewan e puer Frae gläichzäiteg betreit. Eng Eent-zu-Eent-Betreiung géif eng aner Struktur erfuerderen, am Ausland wier dat awer méiglech:
“Durch ein Belegsystem von Hebammen in den Kliniken kann das umgesetzt werden. Das bedeutet, dass eine Hebamme eine Frau während der Geburt in der Klinik betreut. Es gibt in Deutschland auch hebammengeleitete Kreiβsäle, da ist es denn auch gegeben, dass die Hebammen sich normalerweise ausschlieβlich um eine Frau kümmern.”
Donieft géif eng adequat Präparatioun op d’Gebuert an engem spezielle Kuer hëllefen.
Wien d’Gefill huet, wärend der Gebuert Affer vu Gewalt ginn ze sinn, deem réit d’ALSF, als éischt d’Gespréich ze sichen. Sollt dat näischt déngen an et wëllt ee formell Plainte maachen, kéint ee sech un d’Patientevertriedung wenden.