Verstouss géint d'DéiereschutzgesetzHond gouf zu Rëmeleng aus der Fënster geheit

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg am Nomëtteg ass et zu Rëmeleng zu engem brutale Virfall komm, deen e Véierbeener net iwwerlieft huet.
© RTL (Archiv)

Der Police gouf en Hond mat schwéiere Verletzunge gemellt, deen Zeienaussoen no aus enger Fënster vun enger Wunneng am 2. Stack geheit gi war. D'Déier huet opgrond vu sengen uerge Blessure missen erléist ginn, wéi et vun der Police heescht.

Zwee presuméiert Täter goufen ermëttelt, géint déi eng Plainte wéinst Déierequälerei gemaach gouf.

Back to Top
CIM LOGO