Verschidden Hondsbesëtzer léieren et ni: Ëmmer erëm loosse si hiert Déierchen am Auto. Vill Besëtzer ënnerschätzen dës Situatioun a gesi net an, wéi séier d’Temperaturen am Auto klammen an dat scho bei enger Baussentemperatur vun 20°C! Dat ka grav Folgen hunn. Dem Hond seng Normaltemperatur läit bei 38 Grad. Wann en eng Temperatur vun iwwer 42 Grad erreecht, gëtt et kritesch. D’Blutt gëtt méi déck a versuergt d’Organer net méi anstänneg. Esou kann et zu engem Schock kommen an am Extremfall zum Dout.
Eng Fënster aschloen, fir d'Déier ze retten, ass net erlaabt. Wann een en Hond an engem Auto gesäit, deen no Loft schnaapt, sollt een direkt d’Police informéieren. Déi decidéieren dann, wéi weider agéiert gëtt.
Wien esou laang net waarde wëll oder kann, riskéiert eng Geldstrof, well den Auto muttwëlleg beschiedegt gouf. Ma och de Besëtzer vum Hond riskéiert a sou enger Situatioun eng Strof, well en d'Déier an eng Situatioun bruecht huet, déi em schued.