
Zesumme mat auslännesche Journalisten huet reporter.lu den Handelsregëster ënnert d’Lupp geholl. Op d’mannst 291 Mannerjäreger hätte grouss Undeeler u Lëtzebuerger Firmen oder géife se souguer laut Regëster kontrolléieren.
Och wann zu Lëtzebuerg déi Praxis per Gesetz méi schwéier gemaach gouf, sou sinn ënnert deene Mannerjäregen, déi nach hei zu Lëtzebuerg a Firme bedeelegt sinn, Kanner vun Oligarchen, Krimineller oder vu politesch aflossräiche Personalitéiten.
Wéi reporter schreift, kéim et duerchaus dozou, datt am Fall vun engem Familljebetrib, Elteren als Deel vum Ierschaftsplang Undeeler un d’Kanner weiderginn. De Verdacht ass, datt mat där Praxis Elteren wëlle verschleieren, datt si eigentlech hannert enger Firma stiechen. Steierbedruch gouf net nogewisen.
De Justizministère huet e Gesetzprojet ausgeschafft, fir géint eventuell Verstéiss géint d’Reegelen iwwert den Handelsregëster virzegoen an huet och en Audit ugekënnegt, fir d’Praxis mat de Mannerjäregen z’analyséieren. Esou Konstrukter ginn et och an anere Länner.