Keng kuerzfristeg DecisiounHoresca-Secteur brauch en Datum, wéini et nees weidergeet

RTL Lëtzebuerg
Well aktuell géif een an d'Phas kommen, wou et wéideet. Donieft brauch een awer och en Datum, fir selwer kënnen ze plangen.
© AFP

Zanter elo bal 2 Méint si mer duerch d’Corona-Pandemie am Etat de crise an domadder hu sämtlech Bistroen, Caféen, Baren a Restauranten am Land jo zou. Och op den traditionellen 1. Mee-Patt musse mer jo verzichten.

Eng batter Zäit fir d’Gastronomen an d’Wierten, déi den Ament jo och keng Planungssécherheet hunn, wéi et déi nächsten Zäit weidergeet.

De Joël Detaille huet sech mat Leit aus dem Secteur iwwert hir Situatioun ënnerhalen, déi riskéiert, dramatesch ze ginn.

Horesca vs Corona / Reportage Joël Detaille

E frësche Plat bei eisem Liblingskach, e Maufel ënner Kolleegen, oder e banal frësch-gezaapten Humpen. Alles dat, ass den Ament net méiglech.

"Dat verstinn mer. D’Gesondheet vun eis all geet vir, mä sou lues fänkt et un, richteg wéi ze doen", héiert ee bei de concernéierte Restaurateuren a Cafés-Leit, déi sech elo emol e méiglechen Datum géife wënschen, wéini et nees kéint ulafen.

Sou och de Jerôme Bigard, Matgrënner a Managing Director vu Concept Partners, déi 13 Lokaler am Land bedreiwen: "En Datum brauche mer, fir ze wëssen, wéini mer déi ganz Maschinerie nees en place setzen, fir Stocken ze kafen oder Planingen opzesetzen. Dat natierlech mat de Mesuren, déi getraff ginn. Mer brauchen en Datum, fir ze plangen."

An u genee deem feelt et den Ament jo nach. D’Regierung wëll ofwaarden, wéi d’Virus-Zuele sech weider entwéckelen.

D’Fro nom "wéi nees wäert opgoen", déi stellt sech och de Luc Frings, Gerant vun der Piissenger Hütt an dem Wicki Beach, well do e ganze Rateschwanz mat drunhänkt. "Meng gréissten Angscht ass, wéi et lassgeet, wann et bis lass geet. Mer sinn vun 100 op 0 erofgefuer an da muss ee wëssen, ob et nees op 20, 30, 50% lassgeet, well een da muss kucken, ob net bemol Personal ze vill ass. Do kann eng geféierlech Situatioun entsoen."

Et geet also och ëm d’Fro, wa Caféen a Restauranten nees op däerfe maachen, ënnert wéi enge Konditiounen.

Kloer ass egal wéi: ouni staatlech Hëllefen, déi och weiderlafen, nodeems nees op ass, geet et net, seet och de Christophe Diederich, de CEO vu Concept Partner, déi ëmmerhin eng 170 Leit beschäftegen. Wier en Opmaachen, ënnert ganz restriktive Mesuren, dann iwwerhaapt rentabel?

"Ganz kloer Nee! Rentabel ass et absolut net. Déi Iwwerleeungen do féiere mir quasi all Dag. Fakt ass, dass, wa mir muer kéinten opmaachen ouni staatlech Hëllefen, also och ouni Chômage partiel, da kann ee sécher sinn, dann ass kee Restaurant hei am Land rentabel."

Zwee Méint ouni, oder, wann ee konnt ëmstellen op e Liwwerservice, wéineg Revenu, dat deet wéi.

Dat weess een natierlech och bei der Horesca, där hire President Alain Rix warnt: "Et si ganz vill Betriber, zemools kleng Betriber, déi wäerten dat net packen. D’Aiden hëllefen, zemools de Chômage partiel, mä dat geet net duer. Mir packen dat net, wann et nach méi laang dauert."

Dofir setzt een och bei der Horesca op eng Hoffnung an zwar a Form vun engem Exit-Datum aus dem Confinement.

"Dass ee sech kann opstellen. Jiddereen ass am Gaangen, sech d‘Fro ze stellen, wéini kënnt et? Wéi kënnt et, etc. Ech hoffe jo net, dass mer et esou gesot kréien, wéi mer et gesot kritt hunn, fir zouzemaachen. 3 Deeg virdrun, dat kann et net sinn."

De Secteur brauch also dringend eng Perspektiv. An wéi déi kéint ausgesinn, huet sech d’Horesca och schonn iwwerluet. De Verband vun den Hotelieren, Restauranten an Caféen huet nämlech e Positiounspabeier ausgeschafft, deen een der Regierung zoukomme gelooss huet a wou eng méiglech Exit-Strategie aus hirer Siicht dran erkläert gëtt.

Op wat muss opgepasst ginn an op wat de Secteur egal wéi net kéint verzichten. Dozou nach emol den Horesca-President Alain Rix: "Mir sinn am Gaangen, mam Mëttelstandsministère ze verhandelen. Mir hunn eng ganz gutt Relatioun mat den Ekippe vum Minister Lex Delles. Et ass och net einfach fir si. Vläicht kommen d’Hëllefen net sou un, wéi d’Leit et sech erhoffen, mä dat ass awer um Lafen. Et ass ugeduecht, dass de Chômage partiel onbedéngt muss weiderlafen. Wa mer ufänken, ass et an engem Restaurant vläicht bei 20%. Den Hotel huet iwwerhaapt näischt, a kritt näischt, well en net huet mussen zoumaachen, mä well den Tourismus den Ament op 0 ass, verdéngt och d’Hotel näischt. Mir géifen eis vun der Regierung wënschen, dass d’Charges patronales iwwerholl ginn, well dat de Betriber ganz vill géif hëllefen."

D’Horesca géif sech och wënschen, dass den TVA-Prozentsaz op der Vente vum Alkohol vu 17% erof op 3% kéint gesat ginn. Dat kéint een als Iwwergangsléisung decidéieren, fir d’Zäit vun der Kris, bis de Secteur nees normal dréint.

Kruzial wier et op alle Fall, dass, wann den Etat de crise ausleeft, de Chômage partiel wéi gesot misst weider lafen.

PDF: Guide Sanitaire vun der Horesca

Back to Top
CIM LOGO