Bail net verlängertHouwald - Grousst Areal mat Butteker wäert verschwannen

RTL Lëtzebuerg
An den nächste Joren dierft sech d’Bild vum Houwald veränneren. Wéi den "Essentiel" confirméiert krut, wäerten eng 14 Commercë verschwannen.
© Olimdom Multimedia

Si kréien hire Bail net verlängert. Concernéiert wiere Butteker an der Rue des Scillas ronderëm de gréissere Parking, wou och e Grill-Restaurant ass.

De belschen Investisseursbüro Baltisse hätt wëlles, op där Plaz en neie grousse Projet ze realiséieren, mat Büroen, Logementer an och vereenzeltem Commerce.

© Olidom Multimedia

Back to Top
CIM LOGO