VIDEO: Zu LëtzebuergImmigratiounsgesetz: Ee komplexen Text

RTL Lëtzebuerg
Domat fale si ënnert d'Bestëmmunge vum Immigratiounsgesetz, ee komplexen Text, mat deem der vill net eens ginn.
Immigratiounsgesetz: Ee komplexen Text
Domat fale si ënnert d'Bestëmmunge vum Immigratiounsgesetz, ee komplexen Text, mat deem der vill net eens ginn.

Zanter 20 Joer bedreift d'Asti ee Guichet "info migrants", fir de Leit bei hiren Demarchen ze hëllefen. De Guichet ass awer elo un de Limitte vu senge Capacitéiten ukomm.
Lëtzebuerg ass ee Migratiounsland, a bal d'Halschent vun den iwwer 600.000 Awunner sinn Auslänner, d'Tendenz klëmmt vu Joer zu Joer.

D'Immigratiounsgesetz, dat all d'Net-Lëtzebuerger betrëfft, ass awer immens komplizéiert, et ginn eleng 24 verschidden Zorten "titres de séjour", den Text ass 83 Säite laang, huet eng Hellewull "réglements grand-ducaux", net ze schwätze vun den europäeschen an internationale Voleten.

Kee Wonner, datt d'Migrante selwer och vun den Texter iwwerfuerdert sinn. Wann de Guichet "info migrants" Permanence huet, sti se jiddefalls Schlaang, et geet der Rei no mat Ticketen.

Wann et Elementer zu hire Gonschte ginn, musse se elo virbruecht ginn, wéi dat geet, wat d'Demarchë sinn, dobäi hëlleft de Guichet "info migrants".

Familljenzesummeféierung bei Mixte-Bestietnisser, dorëms ginn allgemeng déi meescht Froen an dann un 2. Plaz kënnt d'Aarbechtsrecht.

Schlecht Nouvellen ze iwwerbréngen, gehéiert och zu hirem Job, seet d'Laurence Hever. Wéi kierzlech 2 Famillen ze soen, si missten heemgoen.

Net erfëllt sinn awer och d'Besoine vum Service selwer. En 2. Poste beim "info migrants" vun der Asti huet am Dezember misste gestrach ginn, well keng Sue méi do waren.

Back to Top
CIM LOGO