Kris am Noen OstenImpakt op d’Pëtrolspräisser ze erwaarden?

RTL Lëtzebuerg
Besuergt a betraff kuckt d'Welt op dat schrecklecht mënschlecht Leed, wat d'Hamas-Attack an di israeelesch Replik an der Gazasträif ausgeléist huet.
Kris am Noen Osten: Impakt op d’Pëtrolspräisser ze erwaarden?
Besuergt a betraff kuckt d’Welt op dat schrecklecht mënschlecht Leed, wat d’Hamas-Attack an di israeelesch Replik an der Gazasträif ausgeléist huet.

Dernieft stellt sech och d’Fro, wéi en Impakt de Krich a weider Eskalatiounen op d’Weltwirtschaft notamment d’Pëtrolspräisser wäert hunn?

De Jom Kippur-Krich 1973 tëscht Ägypten, Syrien an Israel hat eng schwéier Pëtrolskris ausgeléist. Jorelaang huet d’Weltwirtschaft gelidden. Och Lëtzebuerg blouf net verschount.

Déi schwéier Attacke vun der Hamas op Israel an déi israeelesch Replik hate bis elo nach kee groussen Effekt op d’Pëtrolspräisser, heescht et vum Groupement Energies Mobilité. Eng Pëtrolskris, wéi an de 70er Joren erwaart de President Romain Hoffmann éischter net. “Haut ass d’Weltproduktioun vill méi diversifiéiert. Deemools war vill aus den arabesche Länner komm. Wou mer haut awer ganz aner grouss Producteuren hunn, sief dat d’Amerikaner, d’Russen, déi och nach exportéieren, sief et Afrika. Dat ass haut alles vill méi diversifiéiert.”

Den Energieminister Claude Turmes iwwerdeems gesäit e klore Risiko, datt de Krich am Noen Osten d’Pëtrolspräisser an d’Luucht dreift. “Firwat? Well hannert Hamas ass Iran. Dat heescht, Russland brauch en héije Pëtrolspräisser, fir säi Krich ze finanzéieren, Saudi-Arabien brauch een héije Präis, fir hir Politik ze maachen an och Iran huet en Interêt un engem héije Pëtrolspräis. D.h. mir sinn hei an engem “perfect storm”.

Zanter der Pëtrolskris an de 70er Joren hunn déi westlech Länner e Stock, fir 90 Deeg laang iwwer d’Ronnen ze kommen. Sollten d’Präisser héich schéissen, géif et awer net vill bréngen, fir Deeler vun dëse Stocken op de Maart ze pompelen, seet de Claude Turmes. Den Effekt wär séier verpufft. “Mir an Europa hunn do keen Afloss op de Pëtrolspräis. Dat eenzegt, wat mir kënne maachen, an dat ass jo och dat, wat mir probéiert hunn déi lescht Joren: Mir musse kucken, datt mir aus der ze grousser Ofhängegkeet vum Pëtrol erauskommen”.

Back to Top
CIM LOGO