Dovunner 54 Schüler a 6 Enseignanten. A 35 Schoulen am Land gouf et zanter dem 1. Januar op d’mannst ee Fall vu Bloem Houscht (op Däitsch Keuchhusten an op Franséisch Coqueluche). Am meeschte betraff sinn den Ament Persounen tëscht 10 a 14 Joer.
Datt d’Ekipp vun der Inspection sanitaire vun der Santé wéinst dem Bloen Houscht an engem Lycée eng Impfcampagne mécht, ass d’Ausnam. Meeschtens ass just eng Klass betraff, da kréien d’Elteren en Informatiounsbréif heem. Hei zu Miersch awer goufen et, verspreet duerch d’Schoul, 7 Fäll vun der bakterieller Otemwee-Infektioun.
De Bloen Houscht ka bis zu 3 Méint daueren, hätt bei de Jugendlechen awer normalerweis kee ganz schwéiere Verlaf, erkläert d’Dr Anne Vergison, Cheffin vun der Inspection Sanitaire. An Extremfäll kéint bei enger Houschtattack eng Rëpp briechen. D’Krankheet ass héich ustiechend, besonnesch am Ufank. De Patient gëtt mat Antibiotiquë behandelt. D’Diagnos geschitt unhand vun engem PCR-Test.
Fir Puppelcher kann de Bloen Houscht ganz geféierlech sinn. Besonnesch fir Neigebuerener. Si dierfen an den éischten 8 Woche kee Vaccin dogéint kréien a sinn deemno nach méi vulnerabel. Dofir solle schwanger Frae sech impfe loossen. D’Antikierper ginn nämlech iwwer d’Plazenta och bei de Puppelchen iwwer a bidde scho mol e Schutz. Fir d’Puppelcher ze schützen, wär et och wichteg, datt iwwer 90% vun de Leit am Land couvréiert wieren, seet d’Dr Vergison. Ganz besonnesch Famille mat Bëbeeë solle sech vergewësseren, datt hir Impfungen nach gutt sinn. De Vaccin géint de Bloen Houscht gëtt et net eenzel, mee zesumme mat den Impfstoffer géint Dyphterie, Polio an Tetanos gesprëtzt.
Bannent 10 Minutte war d’Impfstatioun am Mierscher Lycée opgeriicht. Eng 700 Schüler goufen erwaart, fir hiren Impfpass ze weisen a - falls néideg - e Rappell vum Vaccin ze kréien. Virausgesat d’Elteren hunn eng schrëftlech Erlabnis dofir ginn. Am anere Fall kréie si e Courrier, fir Bescheed ze soen, datt e Rappell recommandéiert wär.
Zu Lëtzebuerg si virop Kanner am Alter tëscht 10 a 14 Joer vum Bloen Houscht befall. Dat kéint dorunner leien, datt een Impfrappell mat 5 Joer virgesinn ass an deen nächste réischt mat 15 Joer, erkläert d’Cheffin vun der Inspection Sanitaire. Dat wär e bëssen ze laang. D’Immunitéit géif 5 Joer no der Impfung ëmmer méi ofhuelen. Dofir recommandéiert de Conseil Supérieur des Maladies Infectueuses e fréizäitege Rappell mat 11-12 Joer am Fall vun engem Kontakt oder wann e Puppelchen am Stot ass. Vu 15 Joer u géif e Rappell all 10 Joer duergoen.
RTL-Artikel: Bréif goung un d’Elteren: Fäll vu Bloem Houscht am Lycée Ermesinde, och aner Lycéeë betraff
RTL-Artikel: Impfung disponibel: Fäll vu “Bloem Houscht” huelen zu Lëtzebuerg zou