Zanter e Méindeg kann ee sech an der Hal Victor Hugo um Lampertsbierg spontan an ouni Rendez-vous impfe loossen. Eng Offer, déi, wéi et schéngt, ville Leit entgéintkënnt.
Concerten, Feieren, an de Restaurant goen: E Stéck Normalitéit a Fräiheete krute mir duerch de CovidCheck nees zréck. Fir nach méi Leit zum Impfen ze bréngen, gëtt et elo sou einfach wéi méiglech gemaach. Déi nei Offer an der Victor-Hugo-Hal gëtt dann och positiv opgeholl.
Déi eicht grouss Etapp vun der Impfcampagne ass ofgeschloss, all d'Impf-Invitatioune si fortgeschéckt. 73% vun der Populatioun sinn op d'mannst 1 Mol vaccinéiert, elo geet et drëms, déi aner 27% z'erreechen. Iwwer 500 Leit hu sech bis ewell spontan an der Hal impfe gelooss.
Dat neit Zil ass et, dass um Enn 80 bis 85 % vun der Bevëlkerung géint Covid geimpft sinn. Et wëll een nach op weider nei Methoden zréckgräifen. D'Haaptfro bleift natierlech, wéi vill Leit bereet sinn, sech impfen ze loossen. D'Offer ass op alle Fall do.
