Virun Debatt an der ChamberImpfflicht gëtt e Freideg Thema am Regierungsrot

RTL Lëtzebuerg
Am Regierungsrot e Freideg soll ënnert anerem iwwer d'Impfflicht geschwat ginn. Dat sot de Premier e Mëttwoch um Bord vun enger Pressekonferenz.
Impfflicht gëtt e Freideg Thema am Regierungsrot
Am Regierungsrot e Freideg soll ënnert anerem iwwer d’Impfflicht geschwat ginn. Dat sot de Premier e Mëttwoch um Bord vun enger Pressekonferenz.

Et ass awer kee fäerdege Gesetzestext, deen d’Ministeren da wëlle gutt heeschen, ma en Dokument, dat déi Deputéiert fir d’Consultatiounsdebatt an der Chamber solle kréien. Et wier en - Zitat - “Lückentext”, deen no de Gespréicher an der Chamber soll gefëllt ginn, esou de Xavier Bettel.

“Et ass en Draft, dee preparéiert ginn ass, fir op d’mannst eng Basis vun Diskussioune kënnen ze hunn. Do sinn nach verschidden Optiounen dran. Et ass net dass do steet “esou, esou, esou”, et steet do “et ass esou, mee et kann och esou, oder esou, oder esou sinn”. Déi Punkten, déi fir eis wichteg sinn: Mir wëllen an der Chamber hinnen nolauschteren an doraus d’Conclusiounen zéien an den Text gëtt duerno deposéiert.”

Wann et bei där Debatt, d’nächst Woch oder an zwou Wochen, e breede politesche Konsens fir eng Impfflicht gëtt, sollt den Text fäerdeggestallt an eng Woch méi spéit deposéiert ginn, esou de Premierminister. Et wéilt ee keng Impfflicht mat enger Majoritéit vun 31 Stëmmen aféieren.

Back to Top
CIM LOGO