Familljenentreprise baut ausInauguratioun vu 25.000 Quadratmeter grousser Lagerhal

Diana Hoffmann
Gelagert gi kann do elo op enger Surface, sou grouss wéi 3 an en Halleft Futtballfeld.

D’Transport- a Logistikentreprise Arthur Welter huet e Freideg de Mëtten d’Inauguratioun vun hirer 25.000 Quadratmeter grousser Lagerhal an der Zone industriellen Eurohub Sud zu Diddeleng gefeiert. Ma net just dat gouf et e Freideg zu Diddeleng, zesumme mat de ville geluedene Gäscht, ënnert anerem dem Grand-Duc, ze feieren.

60 Joer Arthur Welter
De Grand Duc Henri war op dësem speziellen Dag op Besuch.

Et ass nämlech genau 60 Joer hier, datt den Arthur Welter d’Entreprise gegrënnt huet. Deemools stoung den Transport vum Véi am Mëttelpunkt vun der Aktivitéit. Haut ass et den europawäite Wuerentransport.

Antëscht hunn seng 2 Duechter de Betrib awer iwwerholl. Aus dem éischte Camion ass elo eng Flott vun iwwer 350 Camione ginn. Eng 700 Salariéë schaffe fir d’Entreprise. An och international ass expandéiert ginn, mat Büroen a Frankräich, der Belsch, Däitschland an der Slowakei. Et géing ee weider zesumme Wuessen, seet eng vun den Direktesche vun der Entreprise, d’Marianne Welter. Hire Papp hätt ëmmer Risike geholl, ma elo géingen si an hier Schwëster dat selwecht maachen. Si kéinten awer ëmmer op Rot an Ënnerstëtzung vun den Elteren zielen.

De Ben Frin, Finanzchef vun Arthur Welter erkläert, wou et higeet, an wou den Ament d’Defie leien: “An der Logistik wëlle mer weider wuessen, an dat maache mer och. Mer hunn nieft deene 25.000 Metercarréen déi mer elo hei zu Diddeleng hunn, weider 10.000 Metercarré geplangt. Am Transportsecteur ass et awer e bëssi schwéier am Moment, well d’Personal immens knapp ass. Wëll et schwéier ass Camionschaufferen ze fannen, ass d’Croissance an deem Secteur schwéier. D’Demande no Transportkapazitéit ass enorm, mee mer hunn net genuch Personal fir der Demande nozekommen.”

De Ben Frin, Finanzchef vun Arthur Welter
Hie schwätzt vu gudde Perspektive fir d’Logistik.

Op politeschem Niveau gouf et da Luef fir d’Famill Welter. Als «Secteur clé» huet de Grénge Vize-Premierminister François Bausch de Logistik- an Transportsecteur bezeechent. Ma et géing een haut virun Erausfuerderunge stoen, déi wuel nach ni esou grouss gewiescht wieren. Déi nei Technologien an d’Digitalisatioun géingen zu enger grousser Transformatioun féieren. Doriwwer eraus hätt een awer och eng grouss Responsabilitéit, well de Secteur misst, wéi kaum en aneren, an der Lutte géint de Klimawiessel hëllefen.

Freeën, iwwert den neien Noper an der Zone industrielle zu Diddeleng, deet sech och den LSAP-Buergermeeschter vun do, den Dan Biancalana. Hien gesäit nei Aarbechtsplazen déi kreéiert ginn, an awer och nei méiglech Synergien tëscht der Logistik an der Industrie sur Place. Nieft Leideleng ass Diddeleng elo souzesoen dat 2 Standbeen vun Arthur Welter. Nom éischte Kontakt deen d’Entreprise am Summer 2018 mat der Gemeng opgeholl hat, huet et net laang gedauert bis sech um Site eppes gedoen huet. Just 5 Méint ware vergaangen, bis d’Baugeneemegung ausgestallt war. An der Hal ginn elo Autosdeeler, Autospneuen a Wuere vun engem grousse Supermarché stockéiert.

Back to Top
CIM LOGO