Bilan Tripartite-AccordIndex, Aarbechtszäiten, Logement: Handwierker fuerdere strukturell Reformen

Pit Everling
Serge Pauly
D’Handwierkerfederatioun steet hannert dem Tripartite-Accord a senge kuerzfristege Mesuren, fir d’Kafkraaft ze stabiliséieren. Si vermësst awer ee strukturellen Debat iwwert d'Produktivitéit am Land.
Handwierkerfederatioun reagéiert op den Tripartite-Accord
Och wann d'Federatioun hannert dem Accord steet, vermësst een de strukturellen Debat iwwer d'Produktivitéit.

Eng Indextranche, méi een héije Mindestloun, manner Steieren um Sprit. Fir Salariéeën a Konsumente gouf et déi lescht Wochen duerchaus déi eng oder aner gutt Nouvelle. D'Patronen op der anerer Säit keimen awer.

Ee konkret Beispill. Mir si bei Reka, enger vun de leschte groussen Dréckereien hei am Land. En Donneschdeg feiert d'Firma hiren 90. Anniversaire. D'Zäite ware schonn emol méi einfach. Haut gëtt manner gedréckt, d'Konkurrenz am Ausland schafft méi bëlleg an duerch den Iran-Krich gouf esouguer de Pabeier 10 Prozent méi deier. Eng 80 Leit schaffen hei. An déi freeë sech, fir um Enn vum Mount méi Pai ze kréien. Mä dës Indextranche huet hire Präis. Op minimum 100.000 Euro pro Joer chiffréiert den Direkter Frédéric Gillen d'Méikäschten duerch déi aktuell Indextranche.

D'Handwierkerfederatioun huet ausgerechent, dass déi lescht 7 Joer d'Lounkäschten ëm knapp 25 Prozent gewuess sinn. An dëser Dréckerei maachen d'Paien haut knapp een Drëttel vun allen Ausgaben aus. Well op der anerer Säit d'Margen an dësem Secteur souwisou ënnert Drock stinn, gëtt hei mëttlerweil all Frang zweemol ëmgedréint:

"Indextranchen, oder dass de soziale Mindestloun an d'Luucht geet, dat deet scho wéi bei eis an der Täsch. Dat musse mir aneschters kompenséieren. Et ass jiddweree frou, mä mir mussen domadder liewen. Et ass ee gewësse Fatalismus. Mä et wäert eis scho limitéiere par rapport zu futuren Investissementer oder Rekrutementer, oder wat och ëmmer."

D'Betriber investéiere manner, stelle manner an. Et sinn déi Tendenzen, déi der Handwierkerfederatioun grouss Suerge maachen. D'Produktivitéit am Land géing ënnert Drock stoen. D'Patrone vun Handwierksbetriber hunn hir Fuerderung no engem gedeckelten Index widderholl a gesi sech duerch Aussoe vum Éierestaatsminister Juncker op eiser Antenn konforméiert.

"Wa mir an engem Krisemodus sinn, mussen d'Indexatiounen dann duerch déi ganz Tabell bis déi déckste Léin och nach sinn?", esou de President vun der Fédération des Artisans Luc Meyer. "Do sinn ech ganz bei him (beim Jean-Claude Juncker, NdLR). Ech fannen, dass wann do Krisenzenarioe sinn, da muss een do eng Solutioun fannen.”

Donieft mécht d'Handwierkerfederatioun een Appell un d'Gewerkschaften, fir kuerzfristeg iwwert Aarbechtszäitflexibiliséierungen ze schwätzen. Et wéilt een d'40-Stonnen-Woch net a Fro stellen, mee et wier och am Interêt vu ville Salariéeën, déi 40 Stonne méi flexibel organiséieren ze kënnen. Esou proposéiert d'FDA ënnert anerem, dass déi maximal Aarbechtszäit pro Dag op 10 Stonnen eropgoe soll, dass an Ausnamefäll bis zu 60 Stonne pro Woch geschafft kënne ginn, dass d'Pausen a Roudeeg méi flexibel organiséiert kënne ginn, oder dass Iwwerstonnen am Virfeld net méi bei der ITM ugefrot musse ginn. Den FDA-Generalsekretär Romain Schmit huet ënnerstrach, dass ee méi flexibelen Aarbechtszäitmodell och éischter der moderner Liewenssituatioun vu ville Mataarbechter géif entspriechen.

“Wann ee Promoteur dann ee Su verdéngt, fanne mir dat net schänterlech”

FDA reagéiert op Tripartite / Reportage Pit Everling

De Logement bleift d'Haaptsuergekand, sou d'Vertrieder aus dem Handwierk, déi de Rappell maachen, datt am sougenannte VEFA-Beräich nach ëmmer quasi näischt leeft. Dat heescht esou vill wéi, et gëtt näischt verkaf, wat eréischt gebaut soll ginn. En extreemt Beispill ass dat véiert Trimester zejoert, an deem et et grad emol 149 Transaktioune gouf, bal 5 Mol manner wéi virun der Kris.

6.500 Logementer pro Joer misste gebaut ginn, fir de Besoine gerecht ze ginn. Am Moment läit ee just bei ronn 1.000 där Wunnechten, wéi de Patrick Koehnen, Secrétaire général adjoint vun der FDA, seet.

"Duerch déi Penurie de logement verléiere mer wéi gesot un Attraktivitéit. De Bau, d'Handwierk fënnt net déi Salariéen, déi et brauch an déi gesamt Ekonomie fënnt net déi Talenter, déi se brauch. Wa mer elo déi 6.500 Wunnengen do wëlle bauen, da brauche mer 4 Milliarden Euro."

Ma via de Budget kréichen déi verschidde staatlech Acteuren a Programmer awer just eng hallef Milliard d'Joer, dat wier grad emol een Aachtel vun deem, wat néideg wier, sou d'Federatioun.  De ganze Rescht kéint awer net eleng vu privaten Investisseure gedroe ginn. D'Moossname vun der Tripartite, wéi d'Reduktioun vun den Enregistrementsfraisen oder den Housing Bond wieren zwar ze begréissen, géingen awer net duergoen, fir d'Investissementer nees unzekierpen.

D'Fédération des Artisans verlaangt d'Reintroduktioun vum Amortissent accéléré an Héicht vu 6 Prozent a vum Bëllegen Akt fir Investisseuren. Da kéint awer och zum Beispill e Plafong geschafe ginn, deen definéiert, vu wéini un ee keng ëffentlech Hëllef méi kritt. Dernieft soll bei Revenuen aus der Locatioun de selwechten Taux spillen ewéi bei der Quellesteier, nämlech 20 Prozent. Och e Biergerfong kéint an d'Liewe geruff ginn, fir a Projeten ze investéieren.

De Generalsekretär Romain Schmit ass dann der Meenung, datt muss opgehale ginn, mam Fanger op d'Promoteuren ze weisen. "Mir mussen de Logement kickstarten, an zwar mat alle Moyenen. Och wann dobäi, dat wëll ech och hei ganz kloer betounen, e Promoteur dann e Su verdéngt. Da fanne mir dat net schänterlech. Ech fannen et d'ailleurs net normal, dass do mam Fanger op eng bestëmmte Kast Leit gewise gëtt, wou gesot gëtt, déi verdéngen ze vill, well se eppes verkafen, wat een anere brauch. Et ass esou, wéi eis Ekonomie par ailleurs fonctionéiert."

D'Handwierkerfederatioun pocht op eng Léisung vun der Logementskris, wëll hir Betriber hir Konsequenze scho kloer spieren. Um Bau wieren op 3 Joer gekuckt bal 5.000 Aarbechtsplaze verluer gaangen. 2025 hu 77 Baufirme faillite gemaach, 266 Stéck wiere soss opgeléist ginn. Esou ee Réckgang hätt et zu Lëtzebuerg nach ni ginn, war déi kloer Warnung op der Pressekonferenz en Dënschdegmueren.

Back to Top
CIM LOGO