Statec confirméiertIndextranche erfält op den 1. September

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell war et net kloer, ob d'Indextranche ewell den nächste Mount oder eréischt am Oktober erfält.

De Berechnunge vum Statec no ass dat elo awer definitiv op den 1. September de Fall. Domat ginn d’Paien an d’Renten, déi den nächste Mount ausbezuelt ginn, ëm 2,5 % an d’Luucht.

Den aktuelle Previsiounen no kéinten d’Paien dann am drëttem Trimester d’nächst Joer eng weider Kéier un d’Inflatioun ugepasst ginn.

De Statec bleift iwwerdeems bei de Previsiounen a punkto Inflatioun vun an der Moyenne 3,9 % dëst Joer an 2,5% d’nächst Joer.

Back to Top
CIM LOGO