Invitée vun der Redaktioun (3. Mee)Ines Kurschat: Ëm d'Pressefräiheet an der EU steet et net all ze gutt

Pit Everling
Invitée vun der Redaktioun war um Donneschdeg de Moien déi nei Presidentin vum Presserot.
Invitée vun der Redaktioun: Ines Kurschat
Invitée vun der Redaktioun war um Donneschdeg de Moien déi nei Presidentin vum Presserot.

Ëm d'Pressefräiheet an Europa steet et net all ze gutt, dat seet e rezente Rapport vu „Reporter sans frontières“. Krass Beispiller sinn déi rezent Journalistemorden an der Slowakei an op Malta. Den Drock op d'Medien ass méi grouss ginn, seet d'Ines Kurschat, Presidentin vum Presserot, en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview, dem internationalen Dag vun der Pressefräiheet.

Och wa mer zu Lëtzebuerg net déi Situatioun hu wéi an anere Länner, misst ee sech awer d'Fro stellen, ob et ubruecht wier, datt e Staatsminister sech ëm d'Qualitéit vun de Medie wéilt këmmeren.

D'Ines Kurschat (Extrait 1)

D'Proximitéit zu Lëtzebuerg tëscht Politiker a Journaliste wier heiansdo grouss. Et wier ganz wichteg, datt do déi néideg Professionalitéit assuréiert ass.

Et kämpft ee  beim Conseil de Presse scho laang fir d'Gesetz fir e besseren Accès zu Informatioune vu Verwaltungen, och bei dëser Regierung wier een net op oppen Diere gestouss. Och eng eege Gesetz-Propositioun an där Saach wier bis ewell ouni Feedback bliwwen.

Den Ament regelt déi sougenannte Circulaire Bettel dësen Accès, mat dëser wier een net um richtege Wee, fënnt d'Ines Kurschat.

D'Ines Kurschat (Extrait 2)

D'Pressebriefingen nom Regierungsrot wiere manner ginn, bedauert d'Ines Kurschat. Et wier och schlecht, datt d'Journaliste keen Dossier kriten an op d'Briefinge geruff géinge ginn, ouni datt se virdrun informéiert goufen ëm wat et eigentlech geet.

Invitée vun der Redaktioun war um Donneschdeg de Moien déi nei Presidentin vum Presserot.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren
Back to Top
CIM LOGO