
Den Inflatiounstaux ass op ee Joer gekuckt vun 2,2 op 2,1% erof gaangen. De Statec mellt dat.
Am Abrëll ass de Präisindex ëm 0,18% an d'Luucht gaangen. Dat haaptsächlech, well Fligerticketen a Reesen, wéinst der Ouschtervakanz, méi deier gi sinn.
D'Pëtrolspräisser allgemeng hunn 0,3% noginn am Verglach mam Mäerz. De Gas ass iwwer 6% méi bëlleg ginn, de Bensin d'selwecht vill geklommen. Den Diesel ass liicht zréck gaangen ëm 0,3%.