
A verschiddenen Ateliere léieren d’Kanner aus de Maison Relaisen op enger ganz analoger Art a Weis, op wat een an der digitaler Welt oppasse muss. Déi meeschte Kanner an der Primärschoul kéinten nach net esou vill mat soziale Medien oder Internet-Accounts ufänken, erkläert d’Elise Laera vu Bee Secure. Si ass responsabel fir d’Organisatioun vum DigiRallye. Dofir wier et méi ugepasst, d’Atelieren analog ze halen. Fir zum Beispill de Kanner ze weisen, wéi ee spéider seng Konte privat hält, gëtt mat der Analogie vun engem klassesche Freundebuch geschafft.
Dat gëtt ee jo och just senge Kolleege weider. A wann een eppes an d’Buch vun engem Frënd oder enger Frëndin raschreift, muss ee bedenken, dass deenen hir Kolleegen dat jo och gesinn. Esou léisst sech ganz gutt erklären, wéi wichteg et ass, gutt z’iwwerleeën, wat ee wëll vu sech Präis ginn. Duerch d’Aufgaben, déi d’Kanner an den ënnerschiddlechen Atelieren erleedegen, kréie si Punkten, déi hinnen zum Schluss hëllefen, de Stroum erëm un d’Goen ze bréngen. Esou dass si sech selwer ganz analog den Zougank an déi digital Welt verschafen.
Op zwee Deeg hunn an der Fuesvakanz iwwer 100 Kanner deelgeholl. Déi éischt Ausgab war 2015, zanterhier gëtt den DigiRallye fir d’Kanner aus den Zyklen 3 a 4 aus de Maison Relaisen zwee Mol d’Joer organiséiert.