Home ExpoInnovativ, kreativ a nohalteg Léisungen am Logement proposéieren

Claudia Kollwelter
Dat ass d’Zil vun der Home Expo an der Semaine nationale du Logement, déi en Donneschdeg de Moien an der Luxexpo um Kierchbierg ageweit goufen.

Léisungen, déi néideg sinn, vue datt de Logement nach ëmmer e grousst Suergekand vu villen ass.

Datt jiddereen en Daach iwwert dem Kapp huet, dat wier an den A vum Logementsminister Henri Kox datt wichtegst Zil.

“Fir ze lounen oder ze kafen, an der Stad um Land, fir kleng a grouss Familljen, mat oder ouni Kanner, fir jonk an al. Dorëms geet et!”

D’Ausmooss vun der Logementskris géif nach vill méi däitlech ginn duerch d’Baugeneemegungen, déi d’Stad Lëtzebuerg eraus gëtt, huet d’Buergermeeschtesch Lydie Polfer betount a vun engem dramateschen Afall geschwat.

“Wa mer 2021 nach 1964 Autorisatiounen, fir Wunnengen ze bauen, erausginn hunn, waren et 2022 just nach 968, also d’Hallschent. An dëst Joer - och wa mer réischt Oktober sinn - bis elo réischt 693.”

D’Home Expo an d’Semaine du Logement wieren dohier wichteg Evenementer huet de Generaldirekter vun der Luxexpo, Morgan Gromy ënnerstrach an en Deel vum Programm ernimmt.

“En éisträicheschen Architektebüro wäert en inspiréierende Projet vun abordabele Wunnengen presentéieren, deen zu Wien realiséiert gouf. An wärend de 4 Deeg vun der Expo bidden mer zum Beispill e Service vun engem “personal shopper” un, deen d’Leit a Funktioun vun hirem Projet duerch d’Exposanten guidéiere kann.”

Bis e Sonndeg inclus kann een 160 Experten am Beräich bauen, renovéieren, ariichten an dekoréieren an der Luxexpo um Kierchbierg begéinen.

Back to Top
CIM LOGO