DrogekriminalitéitInterministeriell Nott war net um aktuellste Stand, wat Haaptstad betrëfft

Diana Hoffmann
D‘"Note interministérielle" iwwert d’Drogekriminalitéit wier net um aktuellste Stand, seet de Stater CSV-Sozialschäffen Maurice Bauer.
© RTL Archiv

Bei Reunioune mam Gesondheetsministère hat ee sech schonn op Punkte gëeenegt, déi elo am Rapport vun deem selwechte Ministère nach kritiséiert ginn.

Reaktioun op Note interministérielle - Reportage D. Hoffmann

Et ass ee sech awer eens an der Stad. Et muss séier eppes geschéien, wat d’Drogekriminalitéit ugeet. An der interministerieller Nott, déi RTL e Freideg verëffentlecht huet, ginn dofir och eng ganz Rëtsch Punkten opgelëscht, wou d‘Stad kéint um Niveau vum Encadrement vun Toxicomanen  nobesseren. Virgeschloe gëtt zum Beispill eng Dezentraliséierung vum Abrigado oder den Ausbau vum Housing-First Projet. Virschléi, déi sech awer net un der Realitéit orientéieren, seet den CSV-Sozialschäffe Maurice Bauer.

„No enger éischter Lektür war ech eigentlech relativ enttäuscht. Besonnesch iwwert de Volet vum Sozialen an der Gesondheet. Do stinn einfach faktuell falsch Saachen dran iwwert den Engagement vun der Stad Lëtzebuerg.“

E ganze Koup Servicer a Leeschtungen, déi d’Stad Lëtzebuerg géing ubidden, wieren einfach net ernimmt ginn.

„E wichtege Punkt fir eis als Stad Lëtzebuerg ass zum Beispill d'Kreéiere vun engem Service wéi a „Vos Côtés“, wou mer wierklech am Quartier vun der Gare fir d’Leit aus dem Quartier do sinn, fir Mediatioun ze maachen. Fir Vertrauen opzebauen. Fir d’Leit ze begleeden.“

Ze bedauere wier och, datt de Rapport just zwee Deeg virun enger Reunioun zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer an der Gesondheetsministesch Paulette Lenert erauskomm ass. Zréckbehale gi waren awer deemools schonn dräi Punkten:

„Dass mer éischtens wëllen déi aktuell Struktur vum Abrigado frësch bauen, andeems mer och aus de Feeler vun der Vergaangenheet léieren. Fir do besser Orientatiounen ze maachen. Dass mer decidéiert hunn zesummen, fir eng speziell Struktur fir Fraen dezentral um Gebitt vun der Stad wëllen opzeriichten. Dass mer wëllen de Wee goe vum Housing-First weider ausbauen“.

Alles Elementer, déi am Rapport nach kritiséiert ginn. Ma de Maurice Bauer ënnersträicht awer och, datt ee generell gutt géing mam Familljen- a Gesondheetsministère um Terrain vun der Stad zesummeschaffen. An datt d´Stad Lëtzebuerg op ganzer Linn hir Responsabilitéite geholl hätt.

RTL-Artikel: Interministeriell Nott setzt de Punkt op den I
RTL-Artikel: Reaktiounen op d'Nott zur Drogekriminalitéit

Back to Top
CIM LOGO