
Eigentlech hätt déi éischt IRM-Praxis am Centre Médical um Potaschbierg sollen den 1. Abrëll operationell sinn ma de Santésministère hätt den Doktere viru Kuerzem awer geschriwwen, datt een dogéint ass den IRM a Betrib ze huelen.
Den Ament wieren nach Gespréicher am gaangen ënnert wéi enge Konditiounen dat geschéie soll. Notamment sinn nach ëmmer keng Tariffer fixéiert. Och d’LSAP-Conseillère vu Maacher Tess Burton hat dat an der Vergaangenheet scho bedauert.
Wéi mir och scho gemellt haten, krut de Centre Médical zu Maacher zejoert schonn déi néideg Autorisatiounen vun der Santé an der ITM.
Léon Gloden confirméiert: Den IRM zu Gréiwemaacher geet am Abrëll a Betrib (29.12.2021)
Radiologiezenter mat Scanner an IRM zu Gréiwemaacher: Opwäertung fir den Osten, mä nach net alles gekläert (15.11.2021)