Nodeem d'Autorisatiounen elo all virleien, bleift nach d'Formatioun vum Fachpersonal, éier dësen IRM am Oste vum Land kann a Betrib geholl ginn.

De Radiologiezenter, mat Scanner an IRM, deen op de Potaschbierg kënnt, kann ugangs d'nächst Joer operationell sinn, seet de Maacher CSV-Député-Maire Léon Gloden, deen houfreg ass, datt dëse Projet a senger Gemeng zustane kënnt. All d'Autorisatioune géife virleien. Dat heescht fir d'Radiologie an de Scanner, déi vun der Santé, a fir den IRM, déi vun der Inspection du travail et des mines. D'Apparater misste just nach installéiert, getest an ofgeholl ginn.

Medezinesch Versuergung fir den Osten (1) / Rep. Dany Rasqué

Dono bleift nach d'Formatioun vum Fachpersonal an da kënnen d'Dieren opgoen oder bal.

Déi sozialistesch Deputéiert Tess Burton, déi zu am Maacher Gemengerot ass, ënnersträicht, datt fir si nach eng Rei Froen opstinn, Stéchwuert Nomenclature. Den Ament ass et zum Beispill esou, datt ee vun der CNS en IRM am Spidol quasi ganz rembourséiert kritt, een deen een um Potaschbierg géif maachen, allerdéngs net.

D'Kritik vun enger Zwou-Klassen-Medezin, déi hei géif entsoen, huet dofir net laang op sech waarde gelooss. "Dofir ass et esou wichteg, datt mer hei de gesetzleche Kader schafen. Dass mer vermeiden, datt esou eng Initiativ dozou féiert, datt eng Zwee-Klassen-Gesellschaft entsteet an dass net jidderee sech Consultatiounen do ka leeschten. Déi IRMen, ech hu mer soe gelooss, déi kaschten iwwer 500 Euro. Dat ass enorm a grad meng Partei setzt sech zënter 'eh und jee' géint eng Zwee-Klassen-Medezin an. Ee Projet, fir d'Versuergung am Osten z'erweideren, kënne mer nëmmen ënnerstëtzen, wa mer de gesetzleche Kader hunn, a wat et eng Offer ass, déi jiddereen dono kann unhuelen."

Jo, déi Autorisatioun feelt nach, seet de Léon Gloden. "Mä wann ech haut op Tréier ginn, mat enger Ordonnance vu mengem Dokter fir en IRM, kréien ech 150 oder 160 Euro fir en IRM zeréckbezuelt vun der CNS an dat ass och hei de Fall. Den IRM vun Tréier ass jo och net autoriséiert vun der Lëtzebuerger Regierung."

D'Apparater am Radiologiezenter um Potaschbierg goufe vun engem Groupement d'Intérêt économique finanzéiert an dofir, seet de Léon Gloden, géif hien och net verstoen, wat un deem Projet schlecht kéint sinn. De Staat misst schliisslech näischt bäileeën, fir d'Equipement ze bezuelen. "Dofir sinn ech och ganz verwonnert iwwert déi Question parlementaire vun der Madamm Lorsché a vum Här Hansen vun déi Gréng. Ech stelle fest, éischtens, déi Question parlemenaire ass eng an d'Laiskaul vu mengem grénge Schäffen. Mir als Schäfferot droen dee Projet jo zesummen. Zweetens den Ënnertoun vun där Question parlementaire weist ganz kloer, datt déi Gréng géint eng adequat medezinesch Versuergung am ländleche Raum sinn. An dësem Fall am Osten, well mir hu jo keng Klinik. Dofir consideréieren ech, datt déi Gréng zur Conclusioun kommen, datt d'Leit am Osten Zweet-Klass-Muppi sinn."

Déi liberal Ostdeputéiert Carole Hartmann betount, datt et un deene politesche Responsabele läit, fir datt mat dëser Initiativ keng Zwou-Klassen-Medezin entsteet. Natierlech misst um Niveau vun der CNS adaptéiert ginn, mä de Projet wier eng gutt Nouvelle fir déi medezinesch Versuergung am Osten.

"Den Oste brauch zousätzlech Verbesserungen am Gesondheetsberäich"

De ländleche Raum gesäit sech dacks als Stéifkand vun der Regierungspolitik. Ee Beispill ass déi medezinesch Versuergung am Osten.

Gréiwemaacher kritt elo duerch eng Privat-Initiativ e Radiologiezenter mat Scanner an IRM, mä de Konsens am Osten dierft grouss sinn, datt dat net duergeet.

Medezinesch Versuergung fir den Osten (2) / Rep. Dany Rasqué

D'Regioun freet scho laang, fir eng Maison médicale ze kréien, wéi et se am Norden, Zentrum a Süde gëtt, erënnert déi liberal Ost-Deputéiert Carole Hartmann, déi och Member am Gemengerot zu Iechternach ass. Eng oder souguer méi Maisons médicales. Dat ass eng Fuerderung, déi op 2008 zeréckgeet. En Instrument, dat an hiren Aen enorm wichteg fir den Oste wier.

"Wat wëlle mer domadder erreechen? Mir wëllen domadder erreechen, dass d'Leit och aus dem Osten, aus de méi ländleche Regioune vum Land, net musse bis an eng Urgence fueren, datt se eng Urgence vläicht och onnéideg encombréieren an datt se, wann et hinnen an der Nuecht vläicht net gutt ass, ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun deenen normalen Dokteren, no an hirer Géigend e Generalist kënnen opsichen. Dat kéinte se sou wéi an deenen anere Regiounen och iwwer eng Maison médicale, déi am Osten, a mengen Aen, op d'mannst zwee Standuerter brauch, well den Osten ass awer vu Beefort op Schengen immens laang gezunn."

Vun der Gréisst hier wieren esouguer dräi Maisons médicales néideg, seet déi sozialistesch Ost-Deputéiert Tess Burton, déi zu Gréiwemaacher am Gemengerot ass an da kënnt awer séier e "Mee".

"Et ass jo net machbar, fir an den Osten dräi Maisons médicales ze stellen. Da muss een och wëssen, datt deemools déi Maisons médicales an d'Liewe geruff gi sinn, fir d'Klinicken ze entlaaschten. Dat heescht, si sinn och direkt niewent Spideeler, datt, wann d'Consultatioun ergëtt, datt de Patient muss an d'Klinik goen, dat och direkt an der Proximitéit ass."

D'Tess Burton ass der Meenung, datt een op d'mannst bei de Generaliste verstäerkt muss op d'Offer vu Gemeischaftspraxisse setzen. Praxissen, déi dann owes emol méi laang op wieren, respektiv samschdes. Déi fréier LSAP-Gesondheetsministesch Lydia Mutsch hat schonn esou e Projet lancéiert, deen awer bis elo nach net deen néidege Succès fonnt huet. Déi aktuell Ressortministesch, Paulette Lenert, seet, hir Parteikolleegin aus dem Osten géif awer ganz intensiv un enger anerer Propos schaffen, fir d'Dokteren ze encouragéieren, méi zesummenzeschaffen. Eng oder esouguer méi Maisons médicales, dat hätt och ze vill grouss Auswierkungen op d'Generalisten aus der Regioun, déi och Garde an der Maison médicale an der Stad hëllefen.

"Et ass esou, datt an enger Maison médicale op d'mannst zwee Doktere sinn. Een, deen op der Plaz ass an een, deen och erausfiert. Ech fäerten, wann eis Dokteren dee Service och missten am Oste garantéieren, datt deen aneren Dag dann d'Praxisse ganz dacks zou sinn, well d'Dokteren an der Nuecht geschafft hunn."

Dat ass och fir d'Carole Hartmann en Argument, mee si mécht sech och Gedanken iwwert d'Strukturen.

"Ech sinn der Meenung, datt et intressant wier, wann ee géing eng Maison médicale verbanne mat Centres médicaux. Entweder där déi scho bestinn oder a Planung sinn, fir och déi Dokteren, déi op deem Site schaffen, an d'Generaliste vu ronderëm mat an d'Boot ze huelen, déi dann à Tour de rôle hir Permanence kéinten assuréieren."

An den Ae vun der liberaler Deputéiert aus dem Osten ass dat eng Iddi, iwwert déi et derwäert wier nozedenken, fir datt sech déi medezinesch Versuergung an hirer Regioun verbessert.