
Deen Zenter geet am Abrëll zu Gréiwemaacher a Betrib. Dat confirméiert de Buergermeeschter an CSV-Deputéierte Leon Gloden. D’Autorisatioune vun der CNS, fir de Remboursement bei enger Analys ze garantéieren, sinn awer senges Wëssens no nach net do. D’Patiente mussen esoulaang dann d’Consultatioun am Zenter aus eegener Täsch bezuelen.