Eng Dose Leit si bei der Naturkatastroph ëm d’Liewe komm. Zu Cantiano gouf glécklecherweis kee Mënsch schro blesséiert, mee de Materialschued, deen d’Waassermassen hannerlooss hunn, ass bis haut héich.
Vill Italieener, déi zu Lëtzebuerg liewen, kennen déi 2.000-Awunner-Gemeng Cantiano ganz gutt. Dat, well se selwer do gebuer sinn, dacks Vakanzen do verbruecht hunn oder Famill a Frënn hunn, déi nach haut do wunnen a schaffen. Ënnert hinnen d’Simonetta Mosconi an de Luigi an de Fabio Bernardini. Si erënnere sech, wéi se déi éischt Fotoe vun der Onglécksplaz geschéckt kruten a wéi schockéiert se waren. Nach haut loossen d’Biller vun de futtisse Stroossen a Gebaier, de ville Bulli an d’Verzweiwele vun de Bierger vu Cantiano d’Emotiounen héich kommen. Permanent huet ee Kontakt mat Famill a Frënn an der klenger italienescher Gemeng. Mëttlerweil wier de Gros zu Cantiano zwar geraumt a gebotzt, mee vun den ronn 50 Geschäfter am Zentrum hätten der bis dato nëmme 4 nees kënnen opmaachen.
Et wier dofir Hëllef néideg. Hëllef a Form vu Suen. D’Famill Bernardini huet an deem Sënn zesumme mat Frënn hei zu Lëtzebuerg e Facebookgrupp lancéiert an e Spendenopruff gemaach. Déi gesammelt Sue ginn integral un d’Gemeng Cantiano iwwerwisen, fir d’Bierger sur place z’ënnerstëtzten.
Och d’Famill Mosconi wëll hëllefen an organiséiert dofir an hirem Restaurant am Gronn, zesumme mat anere Käch, den 13. November en Iesse fir de gudden Zweck, fir esou der Gemeng Cantiano beim Neesopbau ze hëllefen.
Spendekonto:
BCEE LU50 0019 4155 6494 7000 – Luigi Bernardini – Betreff: SOS Cantiano.