VIDEO - AmazonIwwer 2.000 “Amazonians”: Standuert Lëtzebuerg wiisst weider

Pierre Weimerskirch
Kevin Kayser
Amazon ass mëttlerweil deen 11. gréissten Employeur hei am Land. Viru knapp 15 Joer huet ee mat den Aktivitéiten zu Lëtzebuerg ugefaangen.
Amazon zu Lëtzebuerg: 11. gréissten Employeur
Eng 2.000 Leit schaffe fir Amazon am Grand-Duché.

Am Grand-Duché huet d’amerikanesch Entreprise hiren europäesche Siège. Als éischt Kamera-Ekipp krute mer d‘Geleeënheet, mat Mataarbechter ze schwätzen an d‘Raimlechkeeten ze filmen. D’Offer wier déi leschte Joer ausgebaut ginn. Nieft dem Departement fir d’Finanze vun Amazon Europa schaffen zu Lëtzebuerg ënnert anerem d’Juristen, d’Ressources Humaines an eng Ekipp vu Software-Entwéckler, déi den Internetsite vun Amazon an de verschiddene Sproochen entwéckelt hunn.

Den Valeri Liborski, Direkter vun den EU-Technologien: “Mir fokusséieren eis op d'Technologien, dat eis Cliente méi séier de richtege Produit fannen, e séier kréien an en sou bëlleg wei méiglech."

Wat d’Leit sech besser um Site erëmfannen, wat méi kaf gëtt. Eleng am leschte Quartal vun 2018 louch de Gewënn bei iwwer 2,5 Milliarden Euro.

Back to Top
CIM LOGO