Zu LëtzebuergIwwer 28.000 Leit si beim Staat beschäftegt

RTL Lëtzebuerg
Am Grand-Duché sinn iwwer 28.000 Leit am ëffentlechen Déngscht beschäftegt. Liicht méi Frae wéi Männer an d'Altersmoyenne läit bei 40,8 Joer.

Dat geet aus Statistiken ervir, déi de Minister vun der Fonction publique en Dënschdeg presentéiert huet.

Schaffe beim Staat/Reportage Dany Rasqué

Et ass fir d'éischte Kéier, datt déi Statistiken esou am Detail virleien, eppes wourop den zoustännege Minister Marc Hansen vill Wäert leet.

"Ech mengen et ass och wichteg, datt den Employeur-Staat selwer eng relativ präzis Opdeelung huet, fir kënnen ze kucken, wie bei him schafft, wéi se opgedeelt sinn, wéi d'Alterskategorië sinn, wéi d'Alterspyramid ass. Datt een dat eng Kéier kann analyséieren. Da kann een och gesinn, wéi vill Leit an engem Temps partiel sinn.", esou de Marc Hansen.

Dat waren der d'lescht Joer 6.000, däitlech méi Frae wéi Männer. Bis den hallwe Mee zejoert war d'Deelzäitaarbecht beim Staat méi restriktiv organiséiert. Et konnt ee 25, 50 oder 75 Prozent schaffen, dat huet sech awer duerch d'Gesetz vum 15. Mee 2018 geännert.

"Dat ass opgemaach ginn op 90, 80, 70, 75, 50, 40 Prozent schaffen, fir deene verschiddene Leit kënnen entgéintzekommen. Fir och kënne Beruff a Famill besser ënnert en Hutt ze kréien. Dat gëtt et zënter Mee d'lescht Joer. Et mierkt een och iwwert d'Joren, datt vill méi Leit Deelzäitaarbecht ufroen. Dat ass 2018 nach eng Kéier an d'Luucht gaangen. Dës Zuele weisen och an deenen nächste Joren, wéi eng politesch Decisioun sech um Terrain auswierkt."

D'Halschent vun de Leit, déi beim Staat beschäftegt sinn, schaffen iwwregens an der Educatioun, dono kënnt d'Administration générale mat 35 Prozent an d'Force publique mat 11 Prozent.

Op de Spëtzeposte fënnt een den Ament och am ëffentlechen Déngscht virun allem Männer. Just ee Véierel vun de "Fonctions dirigeantes" ass nämlech vun enger Fra besat.

PDF: Alleguerten d'Zuelen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO