Net emol 15 Minutten dauert et, fir eng vun den neie Plastiksfläschen (PET) an der Fabrick zu Rouspert ze produzéieren. Dat vun enger klenger Virform, déi ausgesäit wéi e Reagenzglas aus déckem Plastik mat Stopp, bis hin zu der fäerdeg gefëllter Fläsch. Méiglech ass dat zanter déi nei Fläscheblosmaschinn do ass. Ier d‘Virform hei erageet, gëtt se op 130 Grad gewiermt. Da gëtt se an eng Form placéiert a mat iwwer 35 Bar Loft dra geblose, sou dass se hir Form vun der Fläsch anhëlt. Bis zu 17.500 Fläsche vun engem hallwe Liter kënnen esou hei pro Stonn produzéiert ginn.
Ekologesch ass dëst virun allem, well enorm un Transport agespuert gëtt, erkläert den Direkter vu Sources Rosport Max Weber. Virdru goufen d‘Fläschen zu Käerjeng produzéiert. 468.000 1,5 Liter Fläsche sinn da pro Woch mat 18 Camione vun 30 Tonne bis op Rouspert komm. Elo gi just nach d‘Virformen zu Käerjeng produzéiert. Anstatt 18 Camionen, gëtt elo fir de selwechten Transport just nach ee gebraucht.
D‘Iddi fir d‘Uschafe vun der neier Maschinn ass komm mat der EU-Direktive 07/2024, déi virgëtt, dass d‘Plastiksstëpp mussen un de Fläschen dru sinn. Well dëst e gréisseren Investissement zur Konsequenz gehat hätt, hätt ee sech fir de Changement an der Produktioun decidéiert, betount de Max Weber. Bei der Gamm vu Plastiksfläschen (Rosport Classic, Rosport Blue a Rosport Viva) wäert et an Zukunft just nach eng Fläsch ginn an ënnerschiddleche Gréissten.
Dat ganzt Material fir d‘Fläsche kënnt aus Lëtzebuerg. De Stopp vu Wolz, d’ Plastik-Virform vu Käerjeng, d‘Etikette vum Rouscht, de Kartong fir d‘Transportkëschte vu Lëntgen. Just de Plastik, fir d‘Sixpacken zesummenzehalen, kënnt vun enger Entreprise, déi 40 Kilometer ewech am Ausland ass.
Fir de Recyclage vun der Fläsch gëtt et e sougenannte Bottle-to-Bottle-System. Valorlux verkeeft deen Undeel u Plastiksfläschen, déi Rosport brauch, un d‘Firma zu Käerjeng, déi d‘Virform fir d‘Fläsche produzéiert. “Dat heescht, dass an all Rousperter Fläsch och e puer kleng Schnëppel vun enger fréierer Rousperter Fläsch mat dra sinn“, sou den Direkter vu Sources Rosport. Doduerch, dass Sources Rosport just fir de Lëtzebuerger Marché produzéiert, géing quasi kee Material aus dem Kreeslaf verluer goen.
Wat méi beléift ass, Plastiksfläschen oder Glasfläschen, wier ënnerschiddlech, seet de Max Weber. Dat wier deels eng Fro vun der Moud. Wärend Covid wier de Verkaf vu Plastiksfläschen nees an d‘Luucht gaangen, well d‘Leit net missten nach eemol an de Buttek, fir déi eidel Fläschen zréckzedroen. Virdru wier, wuel mam Gedanke vun der Eco-Responsabilitéit de Verkaf vun de Glasfläschen an d‘Luucht gaange gewiescht. Schonn zanter 10 Joer läit Sources Rosport am Verkaf bei 50/50. An de Supermarchéë géingen awer am allgemengen den Ament am meeschte Plastiksfläsche verkaaft ginn.
Ëmmer nees kënnt awer och d‘Fro no Schuedstoffer respektiv Mikroplastik op, déi beim Konsum aus Plastiksfläsche kënnen an de Kierper kommen. “Mir gi vun der Liewensmëttelopsiicht kontrolléiert, a maache selwer an eisem Labo mikrobiologesch Analysen. Vun all Charge, vun all Produit”, erkläert den Direkter vu Sources Rosport. Et géing ee mat de gréisste Fournisseur vu Plastiksréiercher vun der Welt zesummeschaffen a ganz streng Qualitéitskrittären hunn.
Den Investissement, fir d‘Fläsche selwer ze blosen, huet Sources Rosport zwou Milliounen Euro kascht. Emol fir déi nei Maschinn ma och fir en Transformator. Elo wier ee ganz ofhängeg vum Elektresch, well d‘Maschinn vill Stroum verbraucht. Dofir hofft een, dass d‘Energiepräisser sech an den nächste Joer stabiliséieren.
D‘Quelle läit iwwert enger tektonescher Verwerfung an ass zanter 1959 erschloss. Speziell ass, dass et déi eenzeg Quell am Land ass, déi direkt mat magmateschen Aktivitéite verbonnen ass. Dës féieren zu der Produktioun vu Gas, dee sech mam Waasser vermëscht an ëm esou seng natierlech Spruddele gëtt.