Lëschte fir d'ChamberwalenIwwer 600 Kandidaten, vill nei, awer och eng ganz Partie bekannte Gesiichter

Marc Hoscheid
Den 8. Oktober sinn d'Wieler opgeruff, hir Stëmm bei der Chamberwalen ofzeginn.
© RTL-Archiv

Ronn 2 Méint virdrun ass e Mëttwoch dee leschten Dag, op deem d’Parteien hir Lëschten um zoustännege Bezierksgeriicht deposéiere kënnen. Iwwer 600 Kandidate stelle sech dem Wieler. Nieft villen neie Gesiichter ginn och eng Partie al Bekannter mat an d’Course an dat net just aus dem Beräich vun der Politik.

Iwwer 600 Kandidaten, vill nei awer och eng ganz Partie bekannte Gesiichter

Woubäi een awer soe muss, datt sech och vill Leit dem Wieler stellen, déi politesch Erfarung hunn. Sou wëllen déi 17 Regierungsmemberen a 57 vun de 60 Deputéierten et nach eng Kéier wëssen. Eenzeg déi 2 CSV-Politiker Aly Kaes a Jean-Marie Halsdorf souwéi d’Nathalie Oberweis vun deene Lénke ginn net méi mat an d’Course. Wärend sech de Jean-Marie Halsdorf ganz op seng Aufgab als Buergermeeschter vu Péiteng konzentréiere wëll, trëtt d’Nathalie Oberweis mat Verweis op de Rotatiounsprinzip vun hirer Partei net méi un. Den Aly Kaes wier am Fong gären nach eng Kéier matgaangen, ma d’CSV setzt am Norden op méi jonk Gesiichter.

Am Vergläich mat Walen an der Vergaangenheet fält op, datt dëst Joer keen de Sprong vun de Medien an d’Politik gewot huet. Woubäi vill Leit de Bas Schagen, deen nieft dem Roy Reding am Zentrum Co-Spëtzekandidat vu “Liberté - Fräiheet” ass, wuel an éischter Linn mat senger Aarbecht bei RTL an dem DNR verbannen dierften. Och Sportler sinn dëst Joer op de Wallëschten éischter rar geséint. Just d’DP setzt am Zentrum mam fréiere Schwëmmer Raphaël Stacchiotti an am Süde mat der fréierer Tennisspillerin Mandy Minella dorop, datt d’Wieler bekannte Gesiichter éischter eng Stëmm ginn.

Déi nei Aushängeschëlder kommen aus dem Secteur vun der Medezin. Sou fënnt een op der Zentrumslëscht vun der LSAP d’Nimm vum Santésdirekter Jean-Claude Schmit an dem Direkter vum CHL, dem Romain Nati. Den Infektiolog Gérard Schockmel geet iwwerdeems bei der DP am Zentrum mat, wärend de CHDN-Direkter Jean-Marc Cloos am Zentrum fir déi Gréng untrëtt.

Mat der CSV, der DP, der LSAP, deene Gréngen, der ADR an de Piraten hu siwe vun den aacht Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, een nationale Spëtzekandidat. Véier dovunner, nämlech de Luc Frieden, de Xavier Bettel, d’Sam Tanson an de Sven Clement"an de Roy Reding* trieden am Zentrum un. Wärend de Fred Keup am Süde kandidéiert, huet sech d’Paulette Lenert jo fir hiren Heemechtsbezierk, den Osten decidéiert. Een direkte Vergläich tëscht de Kandidate fir de Poste vum Premierminister wäert et deemno net ginn. Mee bei den Nationalwale gëtt jo genee geholl och keng Regierung gewielt.

*An enger éischter Versioun vun dësem Artikel huet et geheescht, fënnef Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, géinge mat engem nationale Spëtzekandidat an d’Walen. Mir haten dobäi iwwersinn, datt d’Piraten mam Sven Clement och een nationale Spëtzekandidat hunn. Ausserdeem heescht d’Sensibilité politique vum Roy Reding mëttlerweil net méi “Liberté chérie”, mee “Liberté - Fräiheet”, also wéi d’Partei, déi zanter der Ännerung vum Numm och offiziell an der Chamber vertrueden an där hiren nationale Spëtzekandidat de Roy Reding ass.

Back to Top
CIM LOGO