80. JoresdagIwwerfall vun Nazidäitschland op Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Den 10. Mee ass fir d'Lëtzebuerger en traurege Joresdag. Well viru genee 80 Joer ass d'Wehrmacht vun Nazidäitschland an de Grand-Duché agefall.
© Illustratioun/Archiv

Et war den Ufank vun engem däischtere Kapitel vu Besatzungszäit, déi 4 Joer a 4 Méint laang dauere sollt. Den 10. Mee virun 80 Joer huet Nazi-Däitschland Lëtzebuerg iwwerfall.

An de fréie Moiesstonnen ass d’Wehrmacht iwwert d’Our, d’Sauer an d’Musel agedrongen, an et war d’Enn vun der nationaler Onofhängegkeet. Den 10. Mee ass en traurege Joresdag, an deem senger Suitte Lëtzebuerg dausende vun Doudeger ze bekloen hat.

80. Joresdag vum Nazi-Iwwerfall / Reportage Joël Detaille

Et war 4.35 Auer moies, wéi op engem Freideg déi éischt preisesch Stohlhelmer iwwert d’Grenz komm sinn. E remarkabele Widderstand gouf et net, a schonns am Laf vum Moie war d’Stad besat.

Eng Géigenoffensiv vun der franséischer Arméi, ënnert dem Kommando vum Generol Petiet, gouf et zwar, mä déi militäresch Iwwerleeënheet vun der Wehrmacht war sou enorm, dass déi verpufft ass, a sech nees hannert d’Maginot-Linn zeréckgezu gouf.

Um Owend vum 10. Mee war bis op de Minett ganz Lëtzebuerg besat. Um franséische Radio huet dat deemools esou geklongen:

Radio France 10 mee 1940

Nach um Dag selwer flüchten dausende Lëtzebuerger a Frankräich. Mat derbäi hu si just dat Allernéidegst. Och déi groussherzoglech Famill mécht sech mat de meeschte Regierungsmemberen a Frankräich ewech, a via Portugal a Kanada schliisslech op London.

Eréischt am September adresséiert sech d’Grande-Duchesse Charlotte via d’BBC un hiert Vollek.

"Et ass no laanger Iwwerleeung, datt mir ons zu dem Schrëtt entschloss hunn, vun Iech fortzegoen. Et war e schwéieren, mä en noutwennege Schrëtt. An trotz deem, datt ech weess, datt méi wéi ee Lëtzebuerger net domadder averstane war an datt eise Feind meng Ofwiesenheet vun doheem op all Aart a Weis ausnotzt, war dëse Schrëtt net ëmsoss."

Extrait Grande-Duchesse Charlotte

De Gauleiter Gustav Simon huet vu Juli un d’Soen am Land an organiséiert d’Land no nationalsozialisteschem Modell ëm.

"Heute, am 6. August 1940, zieht die deutsche Schutzpolizei in Luxemburg ein. Die Bevölkerung der Stad Luxemburg ist eingeladen worden, diesen Einzug mitzuerleben." Huet et an engem Propaganda-Video deemools geheescht.

Extrait Nazi-Propaganda Schutzpolizei

D’Germaniséierung vum ganze Land, war dat kloert Zil. Franséisch war verbueden, op allen Niveauen: Aus der Avenue de la Liberté gouf d’Adolf-Hitler-Straße.

Iwwer 10.000 Lëtzebuerger goufen zwangsrekrutéiert. En Drëttel huet sech gewiert eng preisesch Uniform unzedoen a war vun do un en illegale Bierger op der Flucht. 2.900 sinn der un der Front gestuerwen, alles an allem stierwen bis September 1945 5.700 Lëtzebuerger.

Den 10. Mee war den Ufank vun engem Calvaire, dee bis den 10. September 4 Joer méi spéit sollt daueren, wéi d’Amerikaner zu Péiteng iwwert d’Grenz koumen.

Temoignage Anni Schneider

Lëtzebuerg gëtt Iwerfall, Temoignage Anni Schneider

Vill Lëtzebuerger hu sech den 10. Mee nach iwwert d'Grenz a Richtung Frankräich gemaach. Ënnert hinnen och d'Anni Schneider mat hirer Famill, wéi si an engem Temoignage vum IKL beschriwwen huet.

"Ech war nach kleng, ech hat knapps 6 Joer. An dunn, den 10. oder 11.  Mee, et war esou herrlecht Wieder, ma ech hat Féiwer, hunn ech d'Leit vun der Strooss héiere ruffen 'Si sinn elo do. D'Preise kommen, d'Preise kommen. Mir musse fort'."

Fir dausende Lëtzebuerger huet et geheescht, just dat Allernéidegst séier zesummenzerafen, alles zeréckzeloossen, an a Richtung Frankräich fortzelafen. An eng Zäit vun Ongewëssheet, dacks ouni d'Famill beieneen ze hunn:

"Mir hunn dunn e Weenche gepaakt mat allem Méigleches a sinn dunn a Richtung Frankräich gaangen. An d'Nopeschfra, déi war mat hirem Jong am Éislek bei der Famill op Besuch. D'Bomi an de Papp waren awer nach zu Diddeleng, an déi sinn du mat eis fortgaangen. Esou ass déi Famill auserneegerappt ginn. Déi Bomi war och schonn al a souz bei eis um Weenchen. An ech hu misste mat mengem Féiwer, dat herno besser ginn ass, zu Fouss goen. Do sinn ech awer halt nach vu mengem Brudder gedroe ginn. D'Gaby, meng Popp, hunn ech missten doheem loossen, well fir esou eppes war keng Plaz", zielt d'Anni Schneider, a wéi hir ass et ville Leit gaangen, déi a Frankräich Schutz gesicht hunn.

Back to Top
CIM LOGO