Däitsch-Lëtzebuerger GrenzIwwergang Rouspert-Rooljen soll fir landwirtschaftleche Verkéier opgoen

Pit Everling
De Grenziwwergang Rouspert-Rooljen geet deemnächst op, op d'mannst emol fir den Agrarsecteur, gouf de Günther Schartz aus Regierungskreesser gewuer.

De Landrat Schartz hofft donieft och, dass de Grenziwwergang nees an noer Zukunft ka vum normale Verkéier genotzt ginn.

Just nach punktuell Kontrollen tëscht Saarland a Frankräich

Wéi d'Saarbrécker Zeitung mellt, géingen elo mol all déi saarlännesch Grenzposten zu Frankräich an och zu Lëtzebuerg vum 11. Mee un nees opgoen, fir Frontalieren a fir de Wuereverkéier. Wéi et heescht, géingen den däitschen Inneminister Horst Seehofer an de Ministerpresident vum Saarland Tobias Hans un engem gemeinsame Konzept schaffen. Just via Stéchprouwe soll dann nach op der däitsch-franséischer Grenz kontrolléiert ginn.

D'Grenzen tëscht Lëtzebuerg an dem Saarland ware jo eigentlech net méi zou, vun un, datt d'Bréck zu Réimech nees op war. D'Fro, déi sech stellt, ass déi, ob dat och fir d'Grenz tëscht Lëtzebuerg a Rheinland-Pfalz gëllt. Do si jo eng ganz Rei Grenzposten den Ament nach komplett gespaart. Dem Volksfreund no soll bei 4 Grenzen zu Lëtzebuerg eng Ouverture iwwerpréift ginn.

Vu ville Säite war jo an der Lescht Drock op Berlin gemaach ginn, ënner anerem och vum Lëtzebuerger Diplomatiechef Jean Asselborn.

Den CSV-President Frank Engel huet ee Bréif un den däitschen Inneminister Seehofer geschéckt. Et geet ëm d'Fermeture vun de Grenzen an Däitschland. Déi missten direkt nees opgoen, sou de Frank Engel. Dee selwechte Bréif vum Frank Engel goung och un déi belsch Premierministesch.

RTL-Artikel: Gemeinsame Bréif u Malu Dreyer géint zoumaache vu Grenzen

PDF: Bréif vum Frank Engel (30.04.2020)

Back to Top
CIM LOGO